Educatioun

Fir d'Schouljoer 2026/27 kommen 12.800 Enseignanten op 120.000 Schüler

D‘Schoulrentrée steet virun der Dier. Fir iwwer 120.000 Kanner a Jonker geet dann de sougenannten Eescht vum Liewen erëm un – iwwer 45.000 vun hinne ginn an den ëffentleche Lycée, 10.500 vun de méi eelere Kanner sinn am Seondaire an enger Privat- oder an enger Europaschoul ageschriwwen.

auto_stories

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

58.000 ginn an de Fondamental. Hei kommen nach 5.600 Kanner dobäi, déi a Privat- oder Europaschoulen ageschriwwe sinn. Déi Zuelen huet den Educatiounsministère matgedeelt.

Och fir 12.800 Enseignanten ass d‘Vakanz eriwwer.

Gros vun den Enseignanten am Fondamental si Fraen

Et sinn der 6.600 am Fondamental – 80 Prozent vun hinne si Fraen. Am Secondaire schaffe 6.200 Proffen. Do si 55 Prozent Fraen.