Educatioun

Gewerkschaft SEW/OGBL fuerdert méi breet Diskussiounen iwwer d'Alphabetiséierung

Den SEW-OGBL kuckt kritesch op déi nei Schoulrentrée an op d’Reformen vum Minister Claude Meisch. Op hirer Rentrées-Pressekonferenz huet d’Enseignantsgewerkschaft och zu de PISA-Resultater geäussert a fonnt, datt dës Resultater weise géifen, datt vill Reforme wéineg bis guer net gegraff hätt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Radio 100,7 play_arrow
(Foto: Radio 100,7)

Ugefaange mat der gréisster Neierung, dem Projet ALPHA, mat deem vun dëser Rentrée un d’Méiglechkeet fir eng Alphabetiséierung op Franséisch kënnt.

Alphabetiséierung sollt méi breet diskutéiert ginn

Fir den SEW/OGBL wier nach net bewisen, datt dës Reform zu méi Bildungsgerechtegkeet féiere soll, esou wéi den Educatiounsminister et versprécht. Och géif et fir d’Ëmsetzung vum Projet ALPHA u ville Ressource feelen, fir beispillsweis déi zousätzlech Klassen- a Sproochegruppen ze geréieren.

Virun allem awer wënscht sech d’Enseignantsgewerkschaft eng oppen Diskussioun doriwwer, wéi vill Gewiicht Däitsch a Franséisch am Lëtzebuerger Schoulsystem solle kréien, esou d’Spriecherin vum Fondamental Joëlle Damé.

"Net méi all Sprooche fir all Kand op deem selwechten Niveau uviséieren, mee enger Sprooch bewosst méi Gewiicht ginn ewéi enger anerer, fir net direkt d'Dieren zouzemaachen an d'Optiounen, fir herno zum Beispill och den Zougang op d'Universitéitsstudium scho fréi ze blockéieren. Mir maachen am Moment nach ëmmer, wéi wa mir all Kand am Däitschen, wéi och am Franséischen, op e Mammesproochniveau brénge kéinten."

Liicht méi positiv bewäert d’Gewerkschaft dogéint de Mesurëpak fir d’Inklusioun am Fondamental. Verschidde Fuerderunge vum SEW/OGBL wieren iwwerholl ginn. Et géif awer nach Nobesserungsbedarf ginn, ënner anerem beim zweeten Intervenant an der Spillschoul, dee vun der iwwernächster Rentrée u komme soll.

Bis Cinquième duerchwénken schaaft Lacunnen

Am Secondaire fuerdert d’Enseigantsgewerkschaft en Iwwerschaffe vum Cycle Inférieur, deen ënner de Konsequenze vun der Reform vun 2018 leide géif, erkläert d’Spriecherin fir de Secondaire Vera Dockendorf.

"Et ass ee Leeschtungsabroch, dee mer musse feststellen. Wann ee Schüler duerch déi Reform vu Septième bis Cinquième duerchwénkt, zu kengem Moment eng Geleeënheet gëtt, fir a Lacunnen a Sproochen a Mathé ze schaffen, kee verbindleche Kader schaaft fir drun ze schaffen, da brauche mer eis net ze wonneren, datt d'Kompetenzen am Liesen an an der Mathé abriechen." 

Fir Schoulofbréch ze verhënneren, misst och d’Beruffsausbildung opgewäert an d’Voie de préparation reforméiert ginn. Fir dëse Bildungswee am Général fir Schüler, déi nach méi Ënnerstëtzung bei de Basiskompetenze brauchen, bräicht et méi kleng Klassen a méi psychosoziaalt an edukatiivt Personal, sou nach de Message vun der Vera Dockendorf vum SEW.

Lauschterenplay_arrow