Lëtzebuerg géif mat 248.000 Euro pro Schüler:in iwwer déi ganz Schoulkarriär am meeschte Suen ausginn - duebel esou vill wéi zum Beispill Frankräich, Italien an Irland, esou d‘CSJ.
D‘Chrëschtlech Sozial Jugend fuerdert den DP-Educatiounsminister Claude Meisch am Kontext op, de gesamte Bildungssystem an déi rezent Reformen ze reevaluéieren.