Den Ament si siwe Fligeren a véier Helikopteren aus dem Europäeschen a Frankräich am Asaz, a Spuenie sinn et sechs Fligeren an dräi Equippe mat Pompjeeën.
Hëllef aus dem EU-Mechanismus fir Protection civile
D'Hëllef ass Deel vum europäesche Mechanismus fir d'Protection civile, deen d'Europäesch Kommissioun 2001 op d'Bee gestallt huet.
D'Fligeren, déi a Frankräich am Asaz sinn, kommen aus siwe verschiddene Länner, dorënner déi Tschechesch Republik, Kroatien, Däitschland a Portugal. A Spuenie si sechs Maschinnen aus Griichenland, Italien an der Tierkei am Asaz, genee wéi iwwer 100 Pompjeeën a 40 Läsch-Camionen aus Portugal.
A béide Länner ware schonn Asaz-Ekippe stationéiert. Am Kader vun engem Noutfallprogramm sinn am Ganze 777 Pompjeeën aus 14 verschiddenen EU-Länner op strategesch wichtege Plaze mat héijem Risiko op Zypern, a Griichenland, Frankräich, Spuenien a Portugal installéiert.
Permanent EU-Flott gëtt eréischt opgebaut
Wärend der Saison vun de Bëschbränn hält sech eng Ekipp vun aktuell 22 Experten non stop prett fir vum Urgence-Center déi néideg Hëllef op europäeschem Niveau ze koordinéieren.
Den europäesche Satellitte-System Copernicus liwwert iwwerdeems Noutfall-Kaarte fir d'Ekippen um Terrain ze ënnerstëtzen.
Den Urgence-Mechanismus kann aktuell op eng Iwwergangsflott mat 22 Fligeren a fënnef Helikopteren zeréckgräifen. Datt den Ament just 13 vun am Ganzen 22 Fligeren am Asaz sinn, huet eng EU-Source doduerch erkläert, datt et sech hei ëm eng Iwwergangsflott handelt an d'Maschinnen deels national am Asaz sinn.
EU-Mechanismus ënner Drock
D'Ressourcë missten iwwerdeems technesch un d'Besoinen um Terrain adaptéiert ginn, dowéinst wier et net ëmmer sënnvoll all d'Fligeren oder Helikopteren, déi zur Verfügung stinn, op d'Plaz ze schécken.
D'EU wëllt méi laangfristeg eng Flott vun 12 Läschfligeren a fënnef Helikopteren op d'Bee stellen. Et wäert awer nach bis 2030 dauere bis all d'Maschinnen akaaft a geliwwert sinn.
Et wier ee sech bewosst, datt dat net duer geet, esou een EU-Offiziellen, deen op déi aktuell Verhandlungen iwwer deen nächsten europäesche Budget verwisen.
Et dierft een allerdéngs och net vergiessen, datt den europäesche Programm just komplementar zu den nationale Mesuren ass.
Duerch déi aussergewéinlech aktuell Situatioun wier den europäesche System ënner Drock, géif awer den Ament nach funktionéieren, esou och nach eng EU-Source.