Méiglech Beräicherung

Finanzminister annoncéiert: Affär ëm Gazprombank Lëtzebuerg ass un de Parquet gaangen

Den Dossier ëm eng méiglech Beräicherung vu véier fréieren Direktere vun der russescher Gazprombank zu Lëtzebuerg ass un de Parquet gaangen: Dat huet den CSV-Finanzminister Gilles Roth am Nomëtteg no enger Sëtzung vun der Finanzkommissioun vun der Chamber annoncéiert. 

auto_stories

6 min

© EPA/YURI KOCHETKOV
(Foto: EPA/YURI KOCHETKOV)

D’Zeitung “Financial Times” hat Enn August gemellt, datt déi fréier Direkteren EU-Sanktiounen ëmgaangen hätten. Den CSSF-Generaldirekter Claude Marx sengersäits sot, datt déi entspriechend Informatioune vun der brittescher Zeitung - Zitat - "net onbedéngt richteg" wären. Wat net géif stëmmen, dozou konnt a wollt de Chef vun der Bankenopsiicht awer net konkret ginn. 

Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet betount, et wär net seng Aufgab ze kucken, ob Sanktiounen ëmgaange goufen oder net.

"Ech kann Iech soen, dass op der Lëtzebuerger Finanzplaz souwuel vun de Justizautoritéiten wéi och vun eiser Bankenopsiicht, der CSSF, déi Aarbecht mat grousser Suergfalt gemaach gëtt."

Nawell hätt hien, esou de Minister, no der Publikatioun vum Artikel vun der brittescher Zeitung, seng Servicer ugewisen, fir den Dossier un de Parquet weiderzeginn. 

D'Fro vum Insiderwëssen

De Franz Fayot vun der LSAP huet zréckbehalen, datt fir d'CSSF keen Insiderwësse virloung, well entspriechend Informatiounen op Internetforen ëffentlech gewiescht wären. Hie wéilt d'Aarbecht vun der Lëtzebuerger Bankenopsiicht dann och net als ze labber beurteelen.

"Ech weess och, dass d'CSSF am groussen Ganzen eng seriö Aarbecht mécht, dass et net méi déi CSSF ass, déi et nach an den 80er oder 90er-Jore war."

Och d'Sam Tanson vun déi gréng huet ervirgestrach, datt dem Claude Marx no, soi-disant Geheiminformatiounen op Internetforen zirkuléiert hätten. Domat wär eng Konditioun vum Insiderwëssen net respektéiert.

"Well et eebe keng geheim Informatioune wären, mee se eeben ëffentlech op verschiddene Foren waren. Foren, déi se ganz einfach fonnt hätte bei enger Recherche."

D'CSSF kéint ganz streng sinn. Wa se dat an dësem Fall net gi wär, da géif et wuel Explikatiounen dofir ginn, esou déi fréier Justizministesch.

D’Oppositiounsdeputéiert hunn dann och fonnt, datt si net méi schlau gi wieren. D’LSAP an déi gréng hate gefrot, fir an der Kommissioun iwwer d’Affär Gazprombank ze schwätzen.