Véier russesch Bänker hu kuerz nom Ufank vum Ukrainkrich vu Lëtzebuerg aus Millioune mam Handel vu Wäertpabeiere verdéngt. Dat weist eng Recherche vun der Financial Times.
"Seriö Accusatiounen"
Fir de Franz Fayot vun der LSAP werft de Fall eng Rei Froen op. Hie gesäit virun allem Klärungsbedarf bei de méigleche rechtleche Konsequenze vun de Geschäfter.
„Dat sinn natierlech effektiv seriö Accusatiounen. A wann dat sech effektiv erausstellt, dass dat esou war, dann ass dat am Fong eng Fro vu Contraventioun zu reglementaire Reegelen, déi Banquiere betreffen, awer och méiglecherweis strofrechtlech Reegelen iwwer den Abus de marché.“
All Rumeur iwwer d’Lëtzebuerger Finanzplaz wier schlecht fir de Standuert Lëtzebuerg, sot de Sven Clement vun der Piratepartei. Dës géif net just der Finanzplaz Lëtzebuerg schuede mee och aussepolitesch géif Lëtzebuerg elo net gutt do stoen.
"Wichteg Froen"
Elo misst gepréift gi wéi d’Iwwerwaachungskommissioun CSSF iwwerhaapt op dëse Fall opmierksam gi wier, an op si richteg reagéiert hätt:
“Ob do d'Delaien agehale goufen. Ech mengen dat si wichteg Froen, ob eise System fonctionéiert, wann dann eng Alert oder Whistleblowing geschitt. Den Artikel léisst zumindest d'Doutten drop u kommen, ob dat ëmmer esou gutt fonctionéiert, wéi mir dat duergestallt kréien.”
"Zwee Problemer"
Den Artikel vun der Financal Times géif op d'mannst Zweifel un dësem Fonctionnement zouloossen, fënnt nach de Sven Clement. D'Sam Tanson vun déi gréng erwaart sech Äntwerten um politeschen Niveau, wei och um Niveau vun den CSSF-Prozeduren. Sie seet:
“Et ass jo esou, dass eigentlech zwee Problemer hei sech stellen. Dat eent ass dee vum eventuelle Contournement vun de Sanktiounen an dat anert ass dee vum Insiderhandel an de Reegelen, déi innerhalb enger Bank agehale ginn oder net.”
D’Sam Tanson huet an deem Kontext och eng parlamentaresch Fro un de Finanzminister Gilles Roth (CSV) gestallt. Ënnert anerem wëllt si wëssen, ob de Minister schonn éier den FT-Artikel publizéiert gouf, Kenntnis vun dësen Transaktiounen hat.
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup wollt sech fir de Moment net zu dësem Zeitungsartikel äusseren.
Vu den anere Parteie war bis elo kee Member aus der parlamentarescher Finanzkommissioun fir en Interview disponibel.
Keng Erklärunge vun CSSF a Ministère
De Finanzministère huet sech op eis Nofro hin, nach net zu dësem Artikel geäussert. D’CSSF huet erkläert, si kéint keng Eenzelfäll kommentéieren.