An engem Bus zu Gaasperech hat een Donneschdeg de Mëtteg e Passagéier eppes geklaut ginn. Een Zeien hat de Chauffeur informéiert, sou datt d’Diere vum Bus zou bliwwe waren, bis d’Police op der Plaz war.
Déi dräi mannerjäreg Meedercher waren als méiglech Bedeelegter un der Dot identifizéiert ginn. Si solle kee Wunnsëtz hei am Land hunn, notéiert de Parquet.
Déi dräi mannerjäreg Meedercher waren der Police an der Justiz scho bekannt, a si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.