Mëtt Juli war um Stater Geriicht eng Suspension du prononcé gesprach ginn. D’Riichteren hunn deemno festgehalen, dass wuel Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach.
Wourëm goung et am Prozess?
Am Prozess goung et ëm en Telefonsappell, am Februar 2024, vun enger deemools 41 Joer aler Fra op d’Noutruffzentral vum CGDIS: Si hat gesot, si hätt ze vill Medikamenter geholl an dass den Owend schlecht ausgoe géif, wa si sou weiderfuere géif.
Den 112-Operateur hat awer keng Ambulanz bei si geschéckt. Véier Deeg drop, am Mäerz 2024, war der Fra hir Läich fonnt ginn.