Um Radio 100,7 huet d'Nouvelle vun den Attentater sech esou unhéieren.
"'America under attack', esou titelt déi amerikanesch Televisiounschain CNN. Bei geziilten Attentater goufen zwee Symboler vun der amerikanescher Staatsmuecht zerstéiert a beschiedegt. Déi zwee Tierm vum World Trade Center sinn an e Koup gefall. An de Pentagon steet a Flamen. Entféiert Fligeren hunn op Kamikazemanéier dës Attentater duerchgefouert."
Den US-President souz an enger Schoul
De Moie vum 11. September 2001, wärend d‘Leit zu New York wéi ëmmer um Wee op hir Aarbecht sinn, schléit déi éischt Maschinn ëm 8:46 Auer Lokalzäit an de Nordtuerm vum World Trade Center an.
Wat duerno kënnt ass bis dohinner onvirstellbar: D’USA gi matten a hirer Séil an onvirbereet getraff - wärend den amerikanesche President George W. Bush eng Grondschoul besicht. Dee riicht sech du kuerz drop u säi Vollek.
"Today we've had a national tragedy. Two airplanes have crashed into the World Trade Center in an apparent terrorist attack on our country. I have spoken to the Vice President, to the Governor of New York, to the director of the FBI and have ordered that the full resources of the federal government to go to help the victims and their families and to conduct a full-scale investigation to hunt down and and to find those folks who committed this act."
De Radio 100,7 op der Plaz
An den USA gëtt doropshin de komplette Fluchverkéier gestoppt. De Chaos an de Stroosse vun New York ass komplett. Fir de Radio 100,7 huet sech d‘Françoise Poos deemools als Korrespondtin gemellt an d‘Situatioun beschriwwen:
"Nach ëmmer sinn d'Sirene vun Ambulanz a Pompjeeën an der ganzer Stad ze héieren. D'Telefonsreseaue sinn deelweis zesummegebrach, d'Handye gi bal guer net méi. De Metro ass nach ëmmer gréisstendeels zou. Vill Büroen hunn och zougemaach. Besonnesch d'Touristenzentere wéi de Rockefeller Center an den Empire State Building hunn d'Leit incitéiert fir heem ze goen."
De Jean-Claude Juncker äussert sech
Och zu Lëtzebuerg sinn d‘Mënsche betraff. De Grand-Duc Henri an d‘Regierung drécken der amerikanescher Regierung hiert Bäileed an hir Solidaritéit aus. Mee och zu Lëtzebuerg ginn an der Konsequenz vun den Attentater d‘Sécherheetsmesurë verschäerft.
Den deemolege Premier Jean Claude Juncker huet sech esou geäussert:
"Dat ass de Fall fir d'amerikanesch Ambassade hei an der Stad, déi eng verstäerkte Polizeiprotektioun kritt, souwéi och eng Protektioun duerch d'Arméi. Dat selwecht ass de Fall fir de Flughafen, wou mir all Fligeren, déi aus Amerika erakommen, dat war haut bei engem de Fall, souwéi all Fluchbeweegungen, déi erausginn, ënner ganz staark Sécherheetskontrolle stellen. D'Polizei an d'Arméi sinn um Flughafen aktiv."
Ganz séier ass fir den amerikanesche CIA den Osama Bin Laden a säin Terrorreseau al-Qaida fir d‘Attentat responsabel. Den 2. Mee 2011 gouf den Terrorist a senger Stopp am Pakistan vun amerikanesche Spezialtruppen erschoss.