Den Institut européen de chant choral Luxembourg, kuerz den INECC, gëtt et zënter der Grënnung vum Dirigent Pierre Cao als Associatioun fir de Gesang zu Lëtzebuerg ze fërderen. Mee elo no 34 Joer gëtt et Zäit fir een Identitéitswiessel.
Den Direkter Arend Herold erkläert am Opus-Interview, firwat dëse Schratt néideg war a wéi een op den Numm Sanghaus komm ass.
Ënner dem Slogan "Wou Stëmmen zesummekommen" gëtt et elo dann och nei Raimlechkeeten zu Bouneweg.
Geplangt si fir déi kommend Joren nei Projeten, dorënner "Lëtzebuerger Lidder Reloaded" an d'Zesummeschaffe mat Kanner a Jugendlechen.