Hutt dir scho mol de Begrëff “Mozartverkäufer” oder “Mozartverkeefer” op Lëtzebuergesch héieren?
Sou bezeechent d’Stad Wien Ticketvendeuren, déi wéi de Wiener Klassik Komponist Mozart verkleet duerch d’Stad lafe fir Concertsticketen ze verkafen. Wat eigentlech léif gemengt a witzeg kléngt, ass fir Wien selwer awer wuel eng eenzeg Plo.
D’Vendeure wiere wuel immens opdränglech, géifen ouni Autorisatioun schaffen, d’Touriste gäre mol mat iwwerdriwwenen Präisser iwwer d’Ouer zéien an och ëffentlech Concerten a Kierchen schlecht schwätzen. Ee Problem, mat deem d’Stad Wien wuel schonn zënter Joren ze kämpfen huet an och ëmmer méi schlëmm géif ginn.
Ab dem 1. Juli soll domat awer elo Schluss sinn. Ob ville Plaze wéi dem Stephansplaz, dem Herbert von Karajan Plaz oder ander Kärntner Strooss géif et elo ee Verbuet gi mat Amenden vu bis zu 700 Euro. Ganz aus der Stad verschwanne wäerten d’Mozart Verkeefer awer wuel net, well generell dierft een dës Tätegkeet net verbidden, mee just agrenzen.