De San Francisco Symphony huet gëschter an engem Communiqué den Doud vum Dirigent Michael Tilson Thomas annoncéiert. No engem aggressiven Tumeur am Gehier, géint deen hien zanter 2021 gekämpft huet, ass den Dirigent mat 81 Joer gestuerwen – an dat doheem, entouréiert vu senger Famill a senge Kolleegen. Trotz senger Krankheet war de Michael Tilson Thomas, och MTT genannt, weiderhin aktiv an der Welt vun der Musek. Den MTT hat am Alter vun 29 Joer beim San Francisco Symphony ugefaangen a war an deenen 52 Joren, wou hie beim Orchester matgewierkt huet, bei iwwer 1.800 Concerten dobäi. Vun 1995-2020 huet hien den Orchester dirigéiert an huet ënner anerem de Label vum Orchester matgegrënnt. De Label SFS Media huet zanterhier eng Rei u Grammy Awards fir seng Opname gewonnen. Dem Dirigent säi leschte Concert war am Abrëll 2025, fir säin 80. Gebuertsdag. Um Programm stoungen d'”Feste Romane” vum Respighi, esou wéi “The Young Person’s Guide to the Orchestra” vum Benjamin Britten, e Stéck, dat den Thomas 1995 bei sengem éischte Gala mam Orchester dirigéiert hat. De Michael Tilson Thomas bleift senge Kolleegen als aussergewéinlechen Artist an Erënnerung, deen en Deel vum Kulturliewen zu San Francisco an als Mënsch immens léif a generéis war. Wéi 2025 kloer war, datt seng Krankheet onheelbar wier, huet de Michael Tilson Thomas Follgendes gesot: "A 'coda' is a musical element at the end of a composition that brings the whole piece to a conclusion. A coda can vary greatly in length. My life’s coda is generous and rich."
Doud vum Michael Tilson Thomas
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Michael Tilson Thomas (Foto: San Francisco Symphony )
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27
De Lëtzebuerger Jugendorchester ONJ schafft an der neier Saison fir zwee Projete mat zwee bekannte Solisten zesummen a sicht elo nach no passendem Renfort an de Reie vum Orchester.
80. Editioun vum Concours de Genève
Zënter 1939 ginn sech jonk Talenter um Concours de Genève d'Klensch an de Grapp an trieden an 8 Disziplinnen ofwiesselnd un. Dëst Joer an der Direktioun a Kompositioun.
Aus INECC gëtt Sanghaus
Den Institut européen de chant choral Luxembourg, kuerz INECC, gëtt sech elo no 34 Joer zënter der Grënnung een neien Numm. "Sanghaus" soll elo de Gesang zu Lëtzebuerg fërderen.
Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper
Eis däitsch Nopere schénge mat Concertshaiser net vill Chance ze hunn. No Hamburg verrechent een sech 9 Joer méi spéit och mat der Kölner Oper. De Look ass allerdéngs imposant!
D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026
Fir déi drëtte Kéier ginn zu Lëtzebuerg mam "Lëtzebuerger Musekspräis" d'Talenter aus der Musekszeen geéiert. Nei dobäi sinn eng weider Präiskategorie wéi och ee méi grousse Jury.
Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein
Onverwiesselbar, charismatesch, usprochsvoll - als Dirigent präägt de Leonard Bernstein wéi keen aneren d’20. Joerhonnert. Hie stierft op engem 14. Oktober 1990.
Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026
Och dëst Joer goufen nees d'Stare vum Joer op der grousser Gala zu Berlin mam Opus Klassik ausgezeechent.
MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper
En éischter ongewéinleche Casting huet sech an der MET Opera ofgehalen, bei där eng Schlaang fir dem Mozart seng Oper "Cosi fan tutte" gecast gouf.
Uropféierung vun der Catherine Kontz
Wat hunn Täsche mat der Selbstbestëmmung vun de Fraen ze dinn?
D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al
Haut virun 123 Joer war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Helios-Ouverture Op. 17.
Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach
Wat dëst elo genee fir d’Enseignantë bedeit a wéi vill Leit vun dëser Fermeture betraff sinn, ass nach net kloer. D’Uni hält sech fir den Ament mat weideren Detailer bedeckt.
Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen
Eng nei Etude bestätegt: Komponistinne sinn a bleiwen aktuell eng Raritéit op ville Concertsprogrammen.
Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert
Fir ee besonneschen Optakt huet de jonken Dirigent Kyrian Friedenberg viru ronn 20.000 Leit zu Bordeaux gesuergt. Hien huet vun engem Teleskop-Kran aus dirigéiert ...
Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer
Zënter 1963 steet zu Berlin déi bekannte Philharmonie net wäit vum Potsdamer Platz. Mee no iwwer 60 Joer ginn et dann och vill Problemer, déi dréngend behuewe musse ginn ...
Elbphilharmonie setzt op Influencer
Fir d’Saison 2026/27 an domat den 10. Jubiläum schafft d’Elbphilharmonie zu Hamburg elo mat 3 Influencer zesummen.
Iwwer 75% vum Budget fir d’klassesch Musek an der Schwäiz
Vun alle Museksgenren kënnt d’klassesch Musek, wann et ëm d’Musekfërderung geet, am beschte weg.
Skulptur Sinfonia, an Éiere vum Fred Harles
Leschte Mëttwoch gouf am Escher Conservatoire eng besonnesch Skulptur ageweit, an Éiere vum fréieren Direkter Fred Harles.
70.000 Fräitickete fir d’MET Oper gi verloust
Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir de Leit Konscht méi no ze bréngen a géint net verkaaften Tickete virzegoen.
120 Joer Dmitri Schostakowitsch
Haut feiere mir de Gebuertsdag vum russesche Komponist, deen de 25. September 1906 zu St. Petersburg gebuer gouf.