Seng Fra huet hien ëm 50 Joer iwwerlieft: D’Constanze bleift domat hirem Numm trei a bleift standhaft, respektiv konstant. Si packt et fir hir Kanner ze suergen, si bezilt déi vill Scholden a gëtt als “Witwe Mozart” de Mëttelpunkt vum Wiener Museksliewen. Gläichzäiteg suergt si dofir, datt dem Mozart seng Musek ronn 20 Joer no sengem Doud zum Bestseller gëtt. Kengem Komponist seng Noute ginn an den 1820er, 1830er Joren esou dacks gedréckt wéi seng. D’Constanze këmmert sech och ëm eng monumental Biographie a suergt dofir, datt zu Salzburg de Mozart-Kult esou faarweg blitt wéi soss néierens.
Mysterium Mozart
Wolfgang Amadeus Mozart (AI generéiert) (Foto: Pixabay)
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
Kléischter: Gregorianik, Uergelen a Béier
De Kléischter verdanke mir e räicht Ierwen. Esouwuel wat d’Produktioun vu Béier ugeet, wéi och d’Erhale vum musikaleschen Ierwen iwwer Joerhonnerten.
East meets West
Den Hector Berlioz war op ville Concertsreese ronderëm d’Welt an zemools a Russland hat hie vill Succès.
Dem Beethoven seng 9. Sinfonie
D'Geschicht vum grousse Wierk, dat am Mee 1824 zu Wien uropgeféiert gouf.
E Bléck an d’Privatgemächer
Iwwer d'Relatioun vu grousse Komponiste mat hire Fraen
Vegetaresch, sportlech … a gesond Musek
Komponisten an Zäite vun der Liewensreform (ëm 1900)
Komponisten an hir bescht Frënn
Ouni Hausdéiere géife verschidde Wierker vläicht anescht kléngen.
Komponisten an hir Krankheeten
Vill si fréi verstuerwen a bis haut gëtt nach iwwer d'Doudesursaache gefuerscht.
Déi eenzeg Fra bei Les Six
D’Germaine Tailleferre war déi eenzeg Fra am franséische Komponistegrupp.