Petrucci Music Library - en internationale Projet fir Musek, deen online iwwer 230.000 Wierker vun 28.000 Komponiste gratis ubitt. Dës eenzegaarteg Initiativ vun Archiven a Musekssammler ronderëm d'Welt verdankt hiren Numm deem, deen am 16. Joerhonnert Pionéier vum Museksdrock war: dem Ottaviano Petrucci.
De Joachim Fontaine erënnert un de Mann, dee Komponisten a ganz Europa berüümt gemaach huet.