D'Musek an d’Museksnotatioun: haut sinn déi ontrennbar matenee verbonnen. Mee bis virun zimmlech genee 1.000 Joer gouf Musek net notéiert – zumindest net an der haiteger Form. Wéi ass et trotzdeem méiglech, datt d’Mënchen aus där Zäit Honnerte vu Melodie geléiert hunn? Wéi hunn déi dat alles verhalen?
De Joachim Fontaine geet der Fro no, wéi Musek ouni Notatioun funktionéiert huet.