D'Musekerin Nadine Kauffmann an d'Kënschtlerin Annick Sinner hunn den Duo Toile Si-Re gegrënnt mat der initialer Iddi, Lëtzebuerger Klassiker wéi "D'Maus Kätti" oder "De Wëllefchen an de Fiisschen" a Form vun engem Poppentheater nei ze interpretéieren.
Dëst fënnt am Kader vun der Serie "Semplice - Back to Basics" statt, an där den Duo eng ganz nei kënschtleresch Form ouni Sprooch erfonnt huet. Déi neiste Produktioun, "Tolo & Scoia", ass fir Kanner ab 3 Joer esou wéi fir Erwuessener a vermëscht Musek, Live-Zeechnungen a Poppentheater. D'Nadine Kauffmann erkläert wat de Public de 25. Oktober am Kulturhaus Nidderaanwen erwaart. Si ass iwwerzeegt, datt d'Virstellung souwuel de Kanner wéi och hiren Eltere wäert gefalen.