Dräi Deeg laang, dräi Owender vollgepaakt mat aussergewéinleche Concertsformater.
Esou presentéiert sech d'Editioun 2026 vum Echter'Classic Festival.
Vum 9. bis den 11. Oktober 2026 invitéiert de Kulturzentrum Trifolion vun Iechternach op fënnef verschidden Eventer, déi iwwer dat "Klassescht" erausginn.
Wat erwaart een 2026 genee, wéi eng besonnesch Formater huet een sech ausgeduecht a wouhi soll sech den Echter'Classic Festival entwéckelen?
Doriwwer schwätzt de Maxime Bender zesumme mam Lex Kauffmann um 9h40 an der Live-Sendung "Harmonesche Moien" um Opus!