De Martin Rajna ass den 9. Chefdirigent, deen d'Lëtzebuerger Philharmoniker elo kréien. Mat 31 Joer ass de Martin Rajna och dee Jéngste vun hinnen allen. Hien ass nämlech knapp 2 Joer méi jonk wéi deemols den Henri Pensis, deen d'Lëtzebuerger Philharmoniker 1933 gegrënnt huet.
Fir seng éischt Impressioun als neie Kapp un der Spëtzt vum Orchester bréngt de Martin Rajna och Musek aus senger Heemecht mat. Zwee ungaresch Komponisten huet hien op de Programm gesat: de György Kurtág an de Béla Bartók.
E feierleche Schluss kréint säin Amtsuntrëtt mat der éischter Sinfonie vum Gustav Mahler.
Léiert de Martin Rajna am Opus-Interview kennen.