“Den Himmel ass wonnerschéin, mäin Häerz ass traureg”, esou sot de Chopin, wéi hie seng Fantasie a Fa Mineur fäedeggestallt hat. Seng Pianoswierker spigele genee dee Kontrast tëschent Hoffnung an déiwer Melancholie erëm. D’Yulianna Avdeeva interpretéiert dem Chopin seng Musek, am Wiessel mat Wierker vum Władysław Szpilman.
Dëse Concert gouf den 29. Juni 2026 am Patio de los Arrayanes an der Alhambra zu Granada opgeholl.
An dës Opnam ass nach bis den 2. September an der Opus-Mediathéik disponibel.
Programm:
Frédéric Chopin (1810-1849): Zwou Nocturnen, Op. 62
Władysław Szpilman (1911-2000): Mazurka a Fa Mineur
Frédéric Chopin (1810-1849): Fantasie a Fa Mineur, Op. 49
Władysław Szpilman (1911-2000): The Life of the Machines, Suite
Frédéric Chopin (1810-1849): Andante spianato a Grande Polonaise brillante a Mi bémol Majeur, Op. 22
Frédéric Chopin (1810-1849): 24 Preluden, Op. 28
Frédéric Chopin (1810-1849): Nocturne an do dièse mineur, B. 49 Op. Posth.
Interpretin:
Yulianna Avdeeva
Presentéiert vum Sophie Urhausen.