D'lescht Woch schonn haten och Studenten a Studentinnen sech de Protester ugeschloss. Zu Bréissel an zu Léck goufen et plazeweis Ausernanersetzungen tëschent Demonstranten an der Police.
Zuchverkéier impaktéiert
Am Zuchverkéier tëschent Lëtzebuerg an der Belsch ass zënter Sonndegowend 22:00 Auer an nach bis haut den Owend 22:00 Auer mat Perturbatiounen ze rechnen. Et misst ee mat Annulatiounen a Verspéidunge rechnen op den dräi Linnen:
-
Lëtzebuerg - Klengbetten - Arel
-
Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gouvy
-
Lëtzebuerg - Käerjeng-Suessem - Rodange - Athus
Weider Informatiounen iwwer den Zuchverkéier fannt Dir hei.