Di offiziell Präisser zu Lëtzebuerg sinn ëmmer Maximalpräisser déi net däerfen iwwerschratt ginn, et steet dem Verkeefer awer fräi ënner des Präisser ze goen. Dat mécht de Leclerc zu Féiz och reegelméisseg, ewéi dëse Weekend.
Den Diesel kascht hei 1,869 Euro de Liter an de 95er Bensinn 1,599 Euro de Liter. De Maximalpräis läit dogéint aktuell bei 2,057 Euro fir ee Liter Diesel a bei 1,793 Euro pro Liter 95er Bensinn.
"Et kann een 10 Euro pro Tank spueren"
Op der Tankstell si vill Autoen déi a Frankräich ugemellt sinn. Si wossten net all Bescheed datt et ee Rabatt vu ronn 20 Cent de Liter géif ginn. Anerer sinn dogéint extra op Féiz gefuer.
Ee Mann ass mat senger Fra zesummen 48 Kilometer aus Frankräich op Féiz gefuer fir zwee Autoe vollzetanken.
"Ici c’est 1,86 Euros le litre et chez nous c’est 2,5 Euros. c’est beaucoup de différence."
Et sinn awer och Lëtzebuerger déi wéinst de méi bëllege Präisser op Féiz gefuer sinn. Eng Koppel erzielt wéi grouss den Ënnerscheed fir si ass.
Et gëtt ee groussen Ënnerscheed par Rapport zu den normale Lëtzebuerger Tankstellen. Et si schonn 10 Euro déi ee fir ee ganzen Tank ka spueren.
Fir méi bëlleg ze tanken, huet d'Koppel och a Kaf geholl vu Schëffleng bis op Féiz ëmmer nees am Stau ze stoen.