National

Formatioun fir Buschauffere vun Adapto, Mobibus a Mobibus-Job gouf erweidert

Adapto, Mobibus an Mobibus-Job sti fir professionellen Transport vu Persoune mat spezifesche Besoinen. Fir d‘Transport-Personal bedeit dat net just, datt si musse Bus fuere kënnen, mee si mussen och op déi speziell Besoine vun de Leit agoe kënnen. D'Formatioun ass dofir ausgebaut ginn.

auto_stories

2 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Zënter 2018 hunn 1.466 Chauffeuren hei am Land déi technesch Zousazformatioun am Centre de Formation pour Conducteurs matgemaach. 

Hei geet et virop ëm Froen, wéi :

  • Wéi séchert een eng Persoun am Rollstull ?
  • Wéi kann een d‘Sécherheet wärend dem Fuere garantéieren?
  • Wéi kann een d'Clientë vun de Servicer optimal begleeden?

Och Kommunikatioun gëtt geléiert

Mee zënter dësem Joer ass d'Formatioun erweidert ginn. Véier nei Modulle sinn dobäi komm: Professionell Haltung, adaptéiert Kommunikatioun jee no Beanträchtegung, an d‘Gestioun vu komplexe Situatiounen.

D‘Charléne Hue ass Chargée de cours an dësem Programm, wou virun allem och emol déi richteg Kommunikatioun geléiert gëtt.

"Quelles sont leurs difficultés rencontrées et comment justement aménager la communication ? On ne va pas parler de la même manière à quelqu'un qui a différents troubles, mais vu qu'on ne sait pas justement où sont les troubles, on a tendance à dire que 80 % des handicaps sont invisibles. Justement comment est-ce que je vais parler à tout le monde pour les respecter et ne pas les faire se sentir moindres ou en difficulté par rapport à l'approche?"

Chauffeure ginn op Häerz an Niere gepréift

Am zweete Volet vun der Formatioun steet d‘Praxis am Mëttelpunkt. Hei gëtt och sur place den direkten Ëmgang trainéiert. D'Chauffeure géifen hei op Häerz an Niere gepréift a fir den Eeschtfall preparéiert ginn.

Zënter Mëtt Abrëll vun dësem Joer gëtt dës Zousazformatioun ugebueden. 102 Buschaufferen hunn och déi Formatioun scho gemaach. 

Bis zu 720 Leit kënne pro Joer forméiert ginn.