Vëlosummer

Rekord fir de Vëlosummer: Iwwer 50.000 Vëloe goufen op de 14 Circuite gezielt

Bei der 7. Editioun vum Vëlosummer goufe 15 Prozent méi Vëloen op de 14 Circuite gezielt wéi zejoert, deelt de Mobilitéitsministère mat. Vum 18. Juli bis de 16. August hunn 52 Gemengen am Land matgemaach.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Eng 500 Kilometer queesch uechter d'Land stoungen zur Dispositioun, dorënner 100 Kilometer iwwer Stroossen, déi temporär fir de Vëlo reservéiert goufen. 

De Succès vun dësem Joer géif weisen, datt de Vëlo sech ëmmer méi am Alldag vun de Leit als Transportmëttel developpéiert, heescht et am Schreiwes vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes (DP). De Vëlosummer géif awer och Touristen aus der Grenzregioun an d'Land zéien, ënnersträich de Kulturminister Eric Thill (DP) am Communiqué. 

De Ministère gesäit sech duerch d'Partizipatiounshausse an hirer bis ewell geleeschtener Aarbecht bestätegt. 

Och d'nächst Joer soll ee Vëlosummer vum 17. Juli bis den 22. August organiséiert ginn.