Däitschland

Sprengstoff-Ugrëff um Flughafen Leipzig: Russland stécht hanner der Dron

Däitschland mécht Russland verantwortlech fir de versichten Sprengstoff-Ugrëff mat enger Drohne um Flughafen zu Leipzig. Dat hunn de Bundesinnenminister Alexander Dobrindt an den Ausseminister Johan Wadephul op enger gemeinsamer Pressekonferenz matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Tobias Junghanns
(Foto: picture alliance/dpa | Tobias Junghanns)

Als Konsequenz wäert Däitschland dat russescht Konsulat zu Bonn an ee kulturelle russeschen Zenter zu Berlin zoumaachen.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen seet, d‘EU géif komplett hanner Däitschland stoe virum Hannergrond vun der "Attack vu Russland".

Ufank leschte Mount war eng mat Sprengstoff preparéiert Dron am Sécherheetsberäich vum Flughafen tëschent zwou ukrainesche Frachtmaschinnen entdeckt ginn. Et gëtt ënner anerem wéinst geféierlechem Agrëff an de Loftverkéier enquêtéiert.