Météo Boulaide

"Soubals de mat Fakten argumentéiers, bass de eng kaafte Staatsmarionette"

De Wiederexpert Philippe Ernzer hat an engem Facebook-Post virun e puer Deeg déi Punkten thematiséiert, déi him d'Liewe schwéier maachen. Ënner anerem Morddroungen ass de Bedreiwer vu Météo Boulaide reegelméisseg ausgesat.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

De Philipp Ernzer | © Ana Angel play_arrow
De Philipp Ernzer (Foto: Ana Angel)

An deene 15 Joer, an deenen hien de Wiederservice Météo Boulaide bedreiwt, hätt hie sech schonn u villes gewinnt, seet de Philipp Ernzer am 100,7-Interview. Sengem Gefill no géifen d'Leit sech awer ëmmer méi Frechheeten trauen. Un déi "typesch Beleidegungen", wéi Idiot genannt ginn oder als Panikmacher duergestallt ginn, doru géif ee sech mat der Zäit gewinnen. 

"Wéini gëtt eppes dogéint gemaach? Wéini mussen esou Leit dann och Konsequenzen dovun droen, well mat all Versuch, déi ech bis elo gemaach hunn, géint verschidde Leit, déi da komplett iwwerdriwwen hunn, dat gouf einfach fale gelooss." 

Seng Plainten hätte bis elo keng Suite kritt. 

Mat Fakte stéisst hien u seng Grenzen

Dee Sujet, deen ëmmer nees fir grouss Opreegung suergt, wier de Verweis op de Klimawandel, seet de Philippe Ernzer. 

"Et gëtt dir d'Méiglechkeet geholl, mat Fakten ze argumentéieren. Soubals de mat Fakten argumentéiers, da bass de eng kaafte Staatsmarionette. An dat wier just meng Meenung, mee net d'Realitéit." 

Dobäi hätt hien d'Zuele schwaarz op wäiss viru sech leien, déi weisen, datt sech ouni Zweiwel amgaange wier eppes am Klima ze änneren. Et géif him grouss Suerge maachen, datt erwuesse Mënschen wëssenschaftlech beluechte Fakte kee Glaawe schénken, esou de Wiederexpert. 

Organisateure fille sech widder de Kapp gestouss

Dobäi kéim, datt verschidden Organisateure sech vun de Warnunge vu Météo Boulaide widder de Kapp gestouss fille géifen. Déi wieren der Meenung, hie géif bewosst hirt Event mat Féiss trëppelen. 

"Wat ech einfach net kann novollzéien, engersäits, wann ech weess, datt dat Event ass, kann ech mir net soen, ech maache lo haut meng Aarbecht net. Dat kann ech net maachen."

Anerersäits géif seng Aarbecht jo genee dora bestoen, d'Wiedergeforen opzeweisen. 

"Et ass extreem wichteg, well wann iergendwou op engem Fest oder esou op naassem Buedem ee Blëtz aschléit, dann huet dat schonn extreem grouss Konsequenzen." 

Och vu Säite vun der Politik fillt de Wiederexpert sech net eescht geholl. No all klenger oder gréisser Katastroph géif sech wärend enge Mount intensiv d'Fro gestallt ginn, wéi een et déi nächste Kéier besser kéint maachen. Duerno géif net méi driwwer geschwat ginn. 

"An da gëtt wierklech esou gemaach, wéi wann et keng besser Léisung géif gi bei eis am Land, obwuel et awer meng Déngschter ginn." 

Warnungen ëmmer sënnvoll, och 45 Minutten am Viraus

An deene leschte Joren hätt hien ëmmer nees gewisen, datt et méiglech wier, lokaliséiert beispillsweis op een Donnerwieder ze warnen. Esouguer wann et nëmme 45 Minutten am Viraus wier. 

"Dat ass eng wäertvoll Zäit, an där d'Leit kënnen handelen." 

Hien hätt och ee Warnsystem entwéckelt mat deem et méiglech wier, ganz lokal ze warnen. Mat de finanzielle Mëttel vum Staat kéint hie sech net erklären, wisou de staatleche Weiderdéngscht dee Service net ubitt. Hie begréisst awer de Fonctionement vun der LU-Alerte, dat wier dat eenzegt, wat lokal fonctionéiere kéint. 

De Philippe Ernzer spillt mam Gedanken, den ëffentlechen Deel vu senger Aarbecht ganz sinn ze loossen. Dat wéinst senger mentaler Gesondheet. Hie géif nämlech nieft der alldeeglecher Aarbecht och nach nei Systemer entwéckele mat deenen d'Leit léiere kënnen, Gefore selwer ze erkennen. 

Lauschterenplay_arrow