Der FLLAM géif et ëm d’Moderniséierung vun de Prozedure goen.
Konventioun wier veraalt
D‘Federatioun vun de Laboratoiren FLLAM hätt schonn am Hierscht zejoert annoncéiert, datt si d’Konventioun mat der CNS kënnege wäerten, esou de Janssen Liu am 100,7 Interview. Déi aktuell Konventioun géif op 2016 zeréck goen, an déi misst moderniséiert ginn.
Nieft der Digitaliséierung vun den Donnéeë, fuerderen si och eng Simplification administrative, méi Cyber-Sécherheet, digital Ordonnancen an eppes wat et bei den Doktere scho gëtt.
"Wat och ganz wichteg ass, de Paiement immédiat direct, dat heescht de PID oder den Tiers payant."
Béid Parteie sinn optimistesch eng Léisung ze fannen
De Janssen Liu betount, datt d’Kënnegung vun der Konventioun, an dem Sënn och näischt mat hirer politescher Fuerderung ze dinn hätt. D'FLLAM fuerdert schonn zënter Joren eng automatesch Indexéierung vun de Remboursementer.
Ee Punkt deen d’CSV- Gesondheetsministesch Martine Deprez optimistesch stëmmt.
"Bei der AMMD ass iwwer Objeten diskutéiert ginn, déi net an der Konventioun kënne gereegelt ginn a si bleiwen hei strikt am Feld vun der Konventioun. An ech denken, datt d'Parteie sech do wäerte fannen."
Och de Manager vun der Labos- Federatioun ass zouversiichtlech, datt si een Accord mat der CNS fannen.
"Mir denken, datt d'CNS et och esou gesäit, datt mer gewëssenen Elementer vun der aktueller Konventioun net méi kënnen sou weiderféieren, well déi veraalt sinn."
Et wier ëmmer schued wann eng Konventioun gekënnegt gëtt, esou nach d’Martine Deprez. Den Objet vun der Denonciatioun wier hei awer relativ kloer.
D’Konventioun mat der CNS bleift op de Kënnegungsdatum, den 3. Juli*, nach ee Joer a Kraaft. Béid Partien hunn elo nach gutt dräi Wochen Zäit fir en neien Accord ze fannen. Soss geet et op d‘Mediatioun.
*An enger éischter Versioun stoung den Datum vum 11. Juni. Richteg ass, datt d'Konventioun op den 3. Juli gekënnegt gouf.