Well gewosst ass, datt an Zukunft esou Hëtztwellen ëmmer méi heefeg wäerte ginn, kéint et net sinn, datt all Kéier erëm improviséiert gëtt. Lëtzebuerg misst sech deemno op zukünfteg Hëtztwelle virbereeden an dierft net all Kéier rëm improviséieren.
D‘FGFC fuerdert, datt d‘Aarbechtswelt allgemeng méi resilient gemaach gëtt. Konkreet fuerdert d‘Gewerkschaft zum Beispill zousätzlech bezuelte Pausen an ugepassten Horairen, kill Räim, wou d‘Salariéen sech kënnen ophalen oder och Hëtzt-Pläng fir d‘Betriber.