Waasserpeegelen

Ugespaante Situatioun bei de Pëtrolsliwwerungen: Lokal kéint et zu Retarde kommen

Déi niddreg Waasserstänn vum Rhäin an der Musel hunn elo weider Repercussiounen op d‘Pëtrolsliwwerungen zu Lëtzebuerg. D‘Situatioun wier ugespaant an et kéint lokal zu Verspéidunge bei der Liwwerung vu Pëtrolsproduite kommen. Dat mellt de Wirtschaftsministère an engem Communiqué de Moien.

auto_stories

1 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

Wéinst der Dréchent an den niddrege Peegelen um Rhäin an op der Musel géif de Schëffstransport do limitéiert bleiwen. Do dobäi kënnt, datt vun nächster Woch un op der Zuchstreck tëschent der Stad an Tréier geschafft gëtt.

Dës Streck féiert direkt an den Hafe vu Mäertert, mee ass wärend den Aarbecht net méi disponibel. En zousätzleche Problem wier, datt an der Belsch den Albert Kanal bis op Weideres zougemaach gouf wéinst dem Feier am Naturpark Héije Venn.

De Wirtschaftsministère géif dës ugespaant Situatioun genee suivéiere. D‘Energieversuergung zu Lëtzebuerg wier den Ament awer weider assuréiert, esou de Wirtschaftsministère a sengem Schreiwes.