Krich an der Ukrain

Selenskyj confiméiert geplangten Treffen tëschent der Ukrain, Russland an den USA

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet confirméiert, datt am November eng Reunioun tëschent Vertrieder aus Russland, der Ukrain an den USA ass. Dat mam Zil, d‘Friddensverhandlungen ze relancéieren, déi zënter Uganks vum Joer blockéiert sinn.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Christoph Soeder
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder)

Russland hat schonn e Freideg ugekënnegt, datt esou eng Reunioun am November zu Abu Dhabi an de Vereenten Arabeschen Emirater geplangt wier.

Haut huet de Kreml matgedeelt, datt trotz den ugekënnegten 3er-Gespréicher de Krich weidergeet. Dës Annonce géif net bedeiten, datt d‘Militäroperatioune géint d'Ukrain elo géife gestoppt gi bis dohin. Moskau wier awer oppe fir e weideren humanitäre Waffestëllstand. 

Ënnerstëtzung fir d'Ukrain?

An de leschte Woche war et zu engem Richtungswiessel komm, wat den US-amerikanesche Support fir d'Ukrain ugeet. Den Donald Trump hat rezent en Diesel-Deal mat dem sanktionéierte Russland ofgeschloss. Iwwerdeems war et zu Aschränkunge komm, wat d’Satellittekommunikatioun a Geheimdéngschtinformatioune fir d’Ukrain ugeet. Och goufen et manner amerikanesch Waffeliwwerungen.  

Op wéi enger Säit d'USA den Ament sti bléift deemno onkloer. Den US-President hat e puer mol ugedéit et wier un der Zäit, datt d'Ukrain en neie President kritt. 

Treffe vun europäesche Länner zu Paräis 

D'EU steet awer weider hannert der Ukrain. Um EU-Sommet dës Mount huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj finanziell Mëttel an Héicht vun zousätzleche 70 Milliarden Euro, vu sengen europäeschen Alliéierte, gefuerdert.

D‘Verteidegungsministeren aus Frankräich, Däitschland, Italien, Polen a Groussbritannien zu haut iwwerdeems zu Paräis zesummen. Dobäi geet et virun allem ëm déi weider Ënnerstëtzung vun der Ukrain. Weider Theeme sinn d‘Verteidegung vun Europa an den US-Israeelesche Krich géint den Iran.