Op den Uerder fir de Stalink-Reseau ze drosselen aus dem Wäissen Haus zu Washington koum bléift oppen. Dem Donald Trump no géift dat och keng Roll spillen. Bis dato hat d'US-amerikanesch Politik dementéiert, datt et iwwerhaapt zu engem Blockage komm wier.
D'Ukrain hat awer ëmmer nees heirop opmierksam gemaach.
Verteidegung vun der Ukrain net méi garantéiert
De Reproche: Dronen, déi méi séier wéi 160 Kilometer an der Stonn ënnerwee waren, haten de Reseau verluer. Mat der Konsequenz, datt d'Ziler net méi prezis konnten ugesteiert ginn. Och d'Ofwiere vu feindleche russeschen Drone wier doduerch behënnert ginn.
De Wolodymyr Selenskyj hat och um EU-Sommet d'lescht Woch zu Bréissel d'Chance genotzt fir seng europäesch Partner op de Blockage an seng fatal Konsequenzen opmierksam ze maachen.
D'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas hat bedauert, datt d'europäesch Unioun dësen Ausfall à court terme leider net ersetze kéint.