Schëffsaccident op der Musel

Schëff kollidéiert mat Muselbréck – ee Schwéierblesséierten

Bei der Kollisioun mat der „alten Wolfer Brücke“ zu Traben-Trarbach ass de Schëffskapitän vun engem Passagéierschëff schwéier blesséiert ginn. Hie gouf an eng Klinik bruecht, esou d’Police.

auto_stories

1 min

D'Muselufer zu Traben-Trabach (Archivfoto) | © picture alliance / Artcolor
D'Muselufer zu Traben-Trabach (Archivfoto) (Foto: picture alliance / Artcolor)

D’Steierhaus vum Passagéierschëff war um Freideg den Owend géint d’Bréck gerannt. Nom Accident huet d’Schëff zu Traben-Trarbach ugeluecht.

Déi ronn 150 Passagéier u Bord goufen net verletzt. Och d’Bréck soll net beschiedegt gi sinn.

D’Ursaach vum Accident ass nach net gekläert.