Däitschland

No engem Attentatversuch op Münchener Rüstungsfirma goufen zwou Persoune festgeholl

De bayreschen Inneminister Joachim Herrmann geet vun enger politesch motivéierter Attack aus. Déi däitsch Police huet zwee bulgaresch Staatsbierger festgeholl, well si am Verdacht stinn, Brandsäz op de Chantier nieft der Entrepris gehäit ze hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber
(Foto: picture alliance / Wolfgang Maria Weber | Wolfgang Maria Weber)

Bei der Attack wier ganz kloer déi Rüstungsfirma viséiert gewiescht, esou den CSU-Inneminister. Hie rechent an Zukunft mat méi engem grousse Risk fir esou Attacken op Infrastrukturen an Däitschland. Dat nodeems an deene leschten Deeg och schonn zwee Elektrizitéitswierker an de Fluchhafen zu Leipzig vun Attacke viséiert waren. 

Déi bayresch Zentralstell fir d'Bekämpfe vun Extremismus an Terrorismus un d'Enquête zu München iwwerholl.