Mam sougenannten "Zukunftsplang 2030“ sollen déi massiv Iwwercapacitéite vu VW an Europa ofgebaut an d‘Produktiounskäschte reduzéiert ginn. An Däitschland stinn déi véier VW Produktiouns-Wierker Hannover, Emden, Zwickau a Neckarsulm virun engem eventuellen Aus. Hei stinn nach emol ronn 45.000 Plazen um Spill.
Insgesamt kéint VW bis 2030 also bal 100.000 Plazen ofbauen.
Alternativen Notzung: Rüstungsindustrie
Bis Juni d‘nächst Joer soll no alternativen Notzunge gesicht ginn, zum Beispill duerch d‘Rüstungsindustrie oder a Kooperatioun mat chineesesche Produzenten.
Den aktuelle Sanéierungsplang wier déi déifgrënnegst Transformatioun an der Geschicht vum Volkswagen Group, seet de Konzern. E wär néideg, fir d‘Zukunft vu VW vis a vis der Konkurrenz laangfristeg ze sécheren.