D'Mesure sinn d'Resultat vun dräi Aarbechtsgruppen, déi tëschent Februar a Mee dëst Joer mat 72 Participanten aus 32 verschiddenen Institutiounen an Organisatioune geschafft hunn.
Fënnef Prioritéite festgeluecht
Et goufe fënnef Prioritéite festgeluecht: D’Viraussetzunge fir Verhandlungen iwwer Terrainen, d’Mobiliséierung vun Terrainen, d’Festleeë vun de Rollen an Zoustännegkeeten, d’Simplificatioun vun Ofleef an d’Informatioun a Sensibiliséierung.
Eng wichteg Ännerung betrëfft d'Waassergesetz. Mat de Prinzippie "Silence vaut complétude" an "Silence vaut accord" sollen administrativ Prozedure vereinfacht an d'Delaie fir Renaturéierungsprojete verkierzt ginn.
Um Consultatiounsprozess hunn nieft dem Ëmweltministère an dem Inneministère och verschidden Acteure vum Terrain deelgeholl, dorënner Vertrieder vun de Gemengen a Waassersyndikater.
Déi concernéiert Ministere wëllen déi 51 ausgeschaffte Mesuren am Hierscht dem Regierungsrot virleeën. Verschidde Mesurë kéinten direkt ëmgesat ginn, fir anerer wieren awer nach legal Upassungen néideg.
D'Zil ass et, d'Renaturéierung vu Flëss méi séier virunzebréngen an ofzeschléissen.
Nei Weeër fir un Terrainen ze kommen
Ee vun de gréissten Hindernisser bleift den Zougang zu den néidegen Terrainen. Als Beispill huet den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes nei Instrumenter genannt, fir d'Ëmsetzung vu Projeten ze vereinfachen.
"Datt een sech nei Moyene gëtt fir um Terrain ze kommen, well dat ass mat deem gréisste Problem."
Ënner anerem kéint op ee “Bail emphytéotique” zeréckgegraff ginn, also eng laangfristeg Zurverfügungstellung vun Terrainen, amplaz datt de Staat oder d'Gemenge se misste kafen.
Eng weider Méiglechkeet wier et ee Klimabonus fir Proprietären, déi hir Terraine fir Renaturéierungsprojeten zur Verfügung stellen. Domat géif hiren Engagement fir d'Allgemengheet unerkannt ginn.
“Also eng nei finanziell Hëllef fir d'Proprietäre vun den Terrainen, fir se unzeerkennen, datt wa si matmaache bei enger Renaturéierung, datt si eppes Wichteges maache fir d'Gesellschaft.”
Donieft soll och méi kloer definéiert ginn, wéi d'Verantwortung tëscht Staat, Gemengen, Proprietären an Exploitanten opgedeelt ass.