Frankräich

Emmanuel Macron: Brandstëftung wier eng Attack géint Frankräich

No de grousse Bëschbränn zu Fontainebleau a Frankräich goufen elo zwee Bauaarbechter ugeklot. Si solle responsabel sinn, datt den éischte Brand e Sonndeg ausgebrach ass. Den Emmanuel Macron war op der Plaz an huet d’Land opgeruff ze spenden, fir de Bësch nees opzebauen an ze schützen.

auto_stories

2 min

Forêt Fontainebleau  | © EPA/GAUTHIER BEDRIGNANS
Forêt Fontainebleau (Foto: EPA/GAUTHIER BEDRIGNANS)

Den Enquêten no hätt e Fonke vun enger Trennscheif bei Reparaturaarbechten un enger Leitplank op der Autobunn A6 d'Vegetatioun a Brand gesat. D'Feier hätt sech dono séier op de Bësch ausgebreet.

Zwee Aarbechter ugeklot

Konkret gëtt den zwee Aarbechter homicide Brandstëftung virgeworf. Schonn e Mëttwoch goufen zwee Jonker vun 18 Joer am Zesummenhang mam Brand festgeholl, ee vun hinnen ass een Hobbypompjee. Si gi verdächtegt, fir zwee weider Bränn an der Regioun responsabel ze sinn.

Zënter dem zweete Weltkrich, hätt et a Frankräich net méi esou vill Bränn gi wéi dëst Joer. Et géing een hei keng Toleranz weisen, all d'Brandstëftung wier eng Attack géint Frankräich. Dat sot de franséische President Emmanuel Macron wärend enger Visitt op der Plaz. 

Iwwer 35.000 Hektar Natur zerstéiert 

Eng 11.000 Bränn gouf et dëst Joer a Frankräich, deenen iwwer 35.000 Hektar Natur zum Affer gefall sinn. Dat huet de Chef vun der Sécurité Civile annoncéiert. Dës Fläch entsprécht méi wéi engem Drëttel vun der Surface vun alle Bëscher zu Lëtzebuerg. Domat ass a Frankräich, elo am Juli, scho méi ofgebrannt wéi zejoert am ganze Summer. 

Den Emmanuel Macron, dee gëschter zu Fontainebleau op der Plaz war, sot esou ee Brand hätt et an dëser Regioun vum Land nach net ginn, an och insgesamt wier déi aktuell Situatioun exceptionelle. 

Frankräich kuckt mat Suerg op de Recht vum Summer 

Fir de Bësch zu Fontainebleau nees nei unzeplanzen an ze stäerken huet de President annoncéiert, datt eng grouss Spendenaktioun lancéiert gëtt an huet d’Vollek opgeruff sech solidaresch ze weisen. 

D’Feier ass mëttlerweil zwar ënner Kontroll, et sinn awer nach eng ronn 950 Pompjeeën am Asaz, fir ze verhënneren, datt d’Feier nees entflaamt. D’Feier huet iwwer 2000 Hektar Bësch ofgebrannt, ronn 1.000 Persounen haten e Sonndeg missen evakuéiert ginn.