An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro schreift de Wirtschaftsminister Lex Delles, datt ee Fournisseur vu Liwwerengpäss betraff war. Ronn zéng Tankstelle konnten deemno zäiteweis net beliwwert ginn.
Versuergung bleift ugespaant
D’Situatioun hätt sech awer nees normaliséiert, well d’Liwwerketten ugepasst goufen. D'Versuergung mat Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg bleift dem Minister no awer ugespaant. Et kéint dofir weiderhi virkommen, datt eenzel Tankstellen zäiteweis net beliwwert kënne ginn.
Am Noutfall kéint de Ministère strategesch Reserven op de Marché bréngen.