Vill vun deene betraffene Fläche wieren am Privatbesëtz a géifen dacks vu Bauere bewirtschaft ginn.
Léisunge mam Landwirtschaftssecteur sichen
Am Kader vum Renaturéierungsdësch géif een zesumme mat Vertrieder aus der Landwirtschaft no Léisunge sichen.
„Et gëtt gekuckt, wat ka gemaach ginn, fir zum Beispill Aiden oder aner Méiglechkeete fir Léisungen ze fannen, fir do un deen Terrain ze kommen, entweeder duerch Tosch oder (...) datt souwuel d'Renaturéierung méiglech ass, mee awer och eng ganz normal Bewirtschaftung méiglech ass.“
De Mëtteg wëllt den CSV-Inneminister Léon Gloden zesumme mat sengem Parteikolleeg an Ëmweltminister Serge Wilmes déi éischt Resultater vum Renaturéierungsdësch presentéieren.