D'Huthi-Rebellen hunn elo matgedeelt, datt si just Schëffer, déi aus Saudi-Arabie kommen, ugräifen. Fir déi aner Schëffer wier et sécher.
Dëse Passage verbënnt d‘Rout Mier mam Indeschen Ozean a gëllt als wichteg Handelsroute. D‘Huthi-Rebelle hunn hir Warnung widderholl, datt si Schëffer aus Saudi-Arabie géifen ugräifen.
Saudi-Arabien transportéiert säi Pëtrol den Ament virun allem duerch d‘Rout Mier, well de Mierespassage vun Hormus quasi zou ass wéinst dem US-israeelesche Krich géint den Iran.
No enger neier Eskalatioun am Jemen d‘lescht Woch wieren do scho 46.000 Leit an hirem Land geflücht, esou déi International Organisatioun fir Migratioun.
D‘Huthi-Rebelle kämpfen zënter méi wéi zwee Joerzéngte géint déi jemenittesch Regierung, déi vu Saudi-Arabien ënnerstëtzt gëtt.