De Fabricio Costa ass ee vu siwe jonke Politiker, deen d’Initiativ “Plattform fir Demokratie” gegrënnt huet. D’ASBL huet als Zil, d’Demokratie hei am Land ze stäerken.
Initiativ geet op oppene Bréif vu virun annerhallwem Joer zeréck
Am 100,7-Interview erkläert de grénge Politiker, datt den Ufank vun där Initiativ u sech op den oppene Bréif zeréck geet, dee virun annerhallwem Joer un de Premier geschéckt ginn ass. Deemools hat den Donald Trump d’Walen an den USA eng zweete Kéier gewonn.
Jonk Politiker aus der CSV, der LSAP, der DP a vun déi gréng hunn d’Demokratie a Gefor gesinn a sech Suerge gemaach, well rietsextreem Parteien ëmmer méi Zousproch fonnt hunn.
"Lëtzebuerg ass keng Insel"
Annerhallef Joer méi spéit: D’AfD gewënnt haushéich d’Landtagswalen a Sachsen-Anhalt an d’Marine Le Pen geet als Favorittin an d’Walen a Frankräich. Kuerz: D’Situatioun huet sech net vill geännert.
Hei am Land wier een nach net esou wäit, gëtt de Fabricio Costa zou, mee duerch d’Initiativ wéilt ee virgräifen.
“Am Moment gesinn ech déi Gefor net. Ech mengen, datt mir eng ganz consolidéiert Demokratie hunn. (...) Mee och Lëtzebuerg ass keng Insel.”
D’Grënn, firwat rietsextreem Parteie bäigewannen, kéint een och zu Lëtzebuerg erëmfannen. Dofir misst een d’Problemer seriö huelen a preventiv virgoen, “iert d’Kand am Pëtz läit”, mengt de Fabricio Costa.
Zwou konkreet Iddien
Konkreet Fuerderungen hunn déi véier Parteie schonn am oppene Bréif vun deemools formuléiert.
Engersäits e Biergerrot, deen aus Bierger:inne besteet, déi net politesch aktiv sinn, an do Iddie kënnen ausschaffen, wéi een d’Demokratie kéint stäerken. Déi Iddie kéinten dann der Chamber virgeluecht ginn.
Déi zweet Iddi ass déi vun engem Stresstest vun den demokrateschen Institutiounen.
“Wéi kënne mir eis demokratesch Institutiounen a Prozesser méi staark opstellen, fir datt am Fall wou eng demokratiefeindlech Regierung un d’Muecht kënnt, si et méi schwéier huet fir et ofzebauen.”
Et hätt een zum Beispill festgestallt, datt d’Pressehëllef duerch eng einfach Majoritéit kéint ofgeschaaft ginn.
De Chamberpresident Claude Wiseler huet dës Iddi schonn opgegraff an d’Resultater vun enger deementspriechender Etüd ginn aktuell evaluéiert.
Defizit wat déi politesch Participatioun ugeet
D’Fro, déi sech awer stellt: Kënnt d’Analys, firwat d’Leit esou onzefridde sinn, net ze kuerz wann een direkt riwwer geet a konkreet Proposen ausschafft?
D’Analys wier schonn zum groussen Deel gemaach, äntwert de Fabricio Costa.
“Et ginn eng ganz Rei Leit déi onzefridde sinn a ville Länner, well se d’Gefill hunn, datt si net eescht geholl ginn, d’Problemer net ugeholl ginn.”
Et géing en Defizit gi wat déi demokratesch Participatioun ugeet, seet de grénge Politiker. Eng besser politesch Bildung an de Schoulen a méi Matbestëmmungsrecht ausserhalb vun de Walperiode kéint dat verbesseren, mengt hien.
Grouss Parteien hei am Land mussen och "e bëssen a sech goen"
U sech missten awer déi véier Parteien, déi Initiativ matgegrënnt hunn, sech mat der eegener Nues huelen. Schliisslech hu sech déi lescht Regierungen zu Lëtzebuerg alleguer aus hinnen zesummegesat.
Dat wier net falsch, gëtt de Fabricio Costa zou, an nennt de Logement als ee Beispill, wou ee villes probéiert hätt, mee wou een nach ëmmer wäit vun enger Léisung fort wier.
“All Parteie mussen e bëssen a sech goen a kucken, wéi kënne mir aner Léisunge fannen.”
E weidert d’Beispill wier eng Leerstandssteier, iwwer déi schonn 20 Joer laang geschwat gëtt.
De Fabricio Costa kann de Frust bei deene Leit, déi aner Alternative wielen, novollzéien. Et wier um Enn jidderengem säin eegene Choix, seet hien. Zu Lëtzebuerg wier awer och keng Partei aktiv, déi an deem Mooss demokratiefeindlech ass, mengt hien.
Firwat feelen déi Lénk, d'Piraten an d'ADR?
CSV, LSAP, DP an déi gréng: Aus deene Parteie kommen déi siwe Grënner vun der Initiativ. Eng Rei Parteie feelen awer: déi Lénk, d’Piraten an d’ADR.
De Fabricio Costa erkläert, datt d’Grënnungsmembere sech aus deene Leit zesummesetzen, déi deemools deen oppene Bréif un de Premier geschéckt hunn. Si wollten deemools Leit zesumme kréien, déi engagéiert sinn an d’Initiativ elo viruféieren.
Deemools hätt een déi Lénk kontaktéiert, mee déi wollten net matmaachen, erkläert de grénge Politiker.
D’Pirate wieren deemools am gaange gewiescht, “sech selwer ze zerleeën”, soudatt keen do gewiescht wier fir ze schwätzen.
Bei der ADR wier et grondsätzlech esou, datt si net demokratiefeindlech wieren, mee ëmmer nees géint Minoritéite gaang sinn an och scho Journalisten attackéiert hunn.
“Dat si Saachen, déi fir eis net zum gudden Toun vun der Demokratie gehéieren.”
Et kënnt net op Parteimeenungen un, mee op perséinlech Valeuren
D’ADRenalin, d’Jugendpartei vun der ADR, sot an enger Reaktioun, si géingen ausgeschloss ginn.
De Fabricio Costa betount allerdéngs, datt d’Initiativ net probéiert, Parteimeenungen ze vertrieden, mee datt ee wéilt “bottom up” Leit fannen, déi déi selwecht Valeuren deelen, an dann an hire jeeweilege Parteie probéieren, Saachen unzereegen.
Et wier ee keen “exklusive Clibbchen” an et wéilt ee mat engem Maximum un Acteure schwätzen, seet de Fabricio Costa, egal ob Gewerkschaften oder Acteuren aus der Zivilgesellschaft. Och mat deene Parteien, déi elo net vertruede sinn.
D’Froen, ëm déi et géing goen, wieren ze wichteg fir datt ee sech am politesche Kleinklein géing verléieren, esou de Fabricio Costa.
Fro vun de Soziale Medie genéisst Prioritéit
Aktuell gesäit ee sech als Denkfabrick, seet nach de Fabricio Costa. Et wier een awer oppe fir dat, wou et kéint higoen. E puer Theemen hätt ee scho fixéiert, wéi zum Beispill d’Regulatioun vun de Soziale Medien.
Duerch Konferenzen oder Pressekonferenze wéilt ee sech dann an de politeschen Debat mat aschalten.