Den Alain Becker gouf mat Effet immédiat revoquéiert, schreift RTL. Och am Annuaire vum Staat gëtt schonn d‘Marise Fisch als Directrice générale faisant fonction genannt.
Weider Detailer zu Personaldecisioune wëllt den Inneministère net matdeelen, heescht et an hirer schrëftlecher Äntwert. Den Alain Becker bleift awer weiderhi President vum CGDIS bis zum Schluss vu sengem Amt, Enn 2029.