Educatioun

PISA-Etüd 2025: Lëtzebuerg schneit an de klassesche Beräicher schlecht of

Lëtzebuerger Schüler:inne schneiden an der internationaler Bildungsvergläichssetüd PISA vun 2025 an alle klassesche Beräicher vergläichsweis schlecht of a leien domat ënner der Moyenne vun den OECD-Länner. Dat geet aus den neitste Resultater vun der Educatiounsetüd ervir.

auto_stories

3 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Bei där ginn d’Leeschtunge vun de Schüler:innen an d’Schoulsystemer vun 91 Länner ënnertenee verglach.

Virun allem bei de Lieskompetenze sinn d'Resultater zu Lëtzebuerg schlecht.

Ronn 6.000 Schüler:innen tëschent 15 a 16 Joer aus alle Lëtzebuerger 49 Lycéeën hunn un der PISA-Etüd 2025 deelgeholl.

All d’Resultater vun der PISA-Etüd vun 2025 sinn zënter haut public a sollen d’Leeschtunge vun de Schülerinnen a Schüler mat hirem schouleschen an ausserschouleschem Ëmfeld a Relatioun setzen, esou wéi d’Schoulsystemer international ënnertenee vergläichen.

Lieskompetenzen maache Suergen

An den dräi Testberäicher Sciencen, Mathé a Liese ginn deemno d’Resultater zënter méi wéi zéng Joer signifikant zeréck. De Grand-Duché placéiert sech do iwwerall um Enn vum éischten Drëttel, am Verglach mat den am ganzen 91 Länner, déi matgemaach hunn.

Eenzeg iwwer dem OECD-Duerchschnëtt läit Lëtzebuerg am neie Beräich "Léieren an der digitaler Welt".

Suerge mécht dem Ministère an dem Recherche- an Innovatiounsservice SCRIPT virun allem d’Lieskompetenz vun de Schüler:innen. Do erreechen 38 Prozent net de vun der OECD definéierte Mindestniveau, erkläert den Direkter vum SCRIPT, de Luc Weis.

"Et kann een awer soen, d'Liesen ass d'Mamm vun alle Kompetenzen. Ouni d'Lieskompetenzen, wéi gesi bei den Naturwëssenschaften, kënnt een och bei esou Aufgaben net virun. Och an der Mathé muss ee kënne liesen, a mir gesinn."

D'OECD stellt iwwerdeems fest, datt ëmmer méi iwwerflächlech a séier gelies gëtt.

De Luc Weis | © Sophie Schroeder
De Luc Weis (Foto: Sophie Schroeder)

Ënnerscheed tëschent Schüler mat- an ouni Migratiounshannergrond gëtt méi kleng

D'PISA-Etüd weist donieft weider, datt de sozioekonomeschen Hannergrond vun de Schüler:innen nach ëmmer ee groussen Afloss op d’Schoulleeschtungen huet.

Par contre wier den Afloss vum Migratiounshannergrond méi kleng ginn, wat ee positiven Aspekt wier, esou de Luc Weis, mee ...

"Mir wëssen och, dass hei déi éischt Schüler sinn, déi an internationalen, ëffentleche Schoule konnte matmaachen, déi bei Pisa getest ginn. 2018 waren eng Handvoll Schüler aus dem Lycée Michel Lucius, e puer ganz wéineger vun Déifferdeng, déi konnte matmaachen."

Och bei der nächster Editioun 2029 wëllt Lëtzebuerg erëm matmaachen, hunn de SCRIPT an den Educatiounsministère nach confirméiert.

De Grand-Duché hat bei der leschter Editioun 2022 net matgemaach.

2025 ass dat schlechtst PISA-Joer dat et jee gouf

Am Internationale Verglach sinn d‘Resultater vun dëser PISA-Etude déi schlechtst, déi et jeemools gouf. Virun allem d‘Kompetenzen am Liesen hätte staark ofgeholl. 

Asie läit awer och dës Kéier erëm am PISA-Test vir. An Europa leien Estland, Groussbritannien a Finnland un der Spëtzt.