Lokal

Dier-zu-Dier-Aktioun zu Bouneweg fir géint Tigermustiken ze sensibiliséieren

Zu Bouneweg huet d’Inspection sanitaire méi wéi zéng erwuessen Tigermustiken nogewisen. D’Autoritéite wëllen elo méi genee erausfannen, wéi wäit sech d’Mustik am Quartier verbreet huet, a gläichzäiteg verhënneren, datt hir Populatioun weider zouhëlt.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Sensibiliséierung géint Tigermustiken | © Chris Meisch play_arrow
Sensibiliséierung géint Tigermustiken (Foto: Chris Meisch )

Vun Dier zu Dier sinn d’Ekippe vun der Inspection sanitaire an der Géigend ronderëm de Kaltreispark zu Bouneweg ënnerwee.

An engem Ëmkrees vun ongeféier 300 Meter ronderëm d’Fal, an där d’Tigermustik nogewise gouf, sollen e puer honnert Stéit erreecht ginn. Wa keen doheem war, gouf eng Informatiounsbroschür an d’Bréifboîte geluecht.

Véier Ekippe mat jee zwou Persoune ware gëschter am Asaz. Esou Sensibiliséierungsaktioune ginn organiséiert, wann eng erwuesse Mustik fonnt a vun Experten als Tigermustik identifizéiert gëtt.

Den Ament besteet keng akut Gefor

Schonn zënter 2023 haten d'Bewunner:innen aus dem Quartier verdächteg Mustiken iwwer d’App Mosquito Alert gemellt. Well sech dës Meldunge widderholl hunn, gouf d’Iwwerwaachung dëst Joer verstäerkt.

D’Resultater weisen, datt et net méi just ëm eenzel Tigermustike geet, erkläert d’Dr Vergison, Cheffe de pôle adjoint vun der Inspection sanitaire.

"On a pu dénombrer non seulement des œufs, mais également des moustiques adultes. On a eu plus d’une dizaine de moustiques adultes identifiés ici jusqu’à présent cette année. C'est quand-même beaucoup. Ça se répète sur plusieurs semaines. On se dit: OK, ils sont là et ils passent probablement l’hiver ici dans le quartier."

Speziellt Ausgesinn

D’Tigermustik ass méi kleng wéi vill aner Mustiken. Si huet wäiss Sträifen un de Been an ass, am Géigesaz zu de Mustiken, déi een hei meeschtens kennt, virun allem am Dag aktiv. D’Autoritéite wëllen elo verhënneren, datt se sech zu Bouneweg nach méi staark verbreet.

Sensibiliséierung géint Tigermustiken | © Chris Meisch
Sensibiliséierung géint Tigermustiken (Foto: Chris Meisch )

Eng akut Gesondheetsgefor fir d’Awunner:inne besteet den Ament awer net, betount d’Dr Vergison.

"Il est plutôt un désagrément des piqûres. Le problème qu’on a, c’est si quelqu’un arrive dans la zone où on a ce type de moustique avec une maladie qui est transmissible par ce vecteur. Si la personne est piquée par ce moustique, le moustique va pouvoir le transmettre dans la zone de son vol habituel."

Tigermustiken kënne Krankheeten iwwerdroen

D’Tigermustik kann ënner bestëmmte Konditioune Krankheete wéi Dengue oder Chikungunya iwwerdroen. Dofir misst si fir d’éischt eng infizéiert Persoun stiechen, déi de Virus am Ausland opgeholl huet. Eng lokal Iwwerdroung gouf zu Lëtzebuerg bis elo net nogewisen.

D’Bewunner:innen, bei deenen d’Ekippe vun der Inspection sanitaire geschellt hunn, reagéieren ënnerschiddlech. Verschiddener hate schonn eppes vun der Tigermustik héieren, anerer goufen eréischt duerch d’Aktioun op de Problem opmierksam.

„Mir liewen an enger internationaler Welt. Datt dat iergendwann eng Kéier géif kommen, war virauszegesinn. Et muss ee wëssen, datt duerch Schëffer, Fligeren an aner Transportmëttel ëmmer nees Saachen ageschleeft ginn.“

Verschidden Awunner:inne si frou, virgwarnt ze ginn. Sou géif een net iwwerrascht ginn, an et wéisst ee besser ze reagéieren. 

 „Nee, hei wousst ech et net. An anere Länner wousst ech et schonn. Eigentlech mécht et mir keng zousätzlech Suergen, mee ech muss einfach nach méi oppassen. Ech wäert d’Schutzmesuren elo befollegen."

Sensibiliséierung géint Tigermustiken | © Chris Meisch
Sensibiliséierung géint Tigermustiken (Foto: Chris Meisch )

D’Awunner:inne kënnen och selwer dozou bäidroen, d’Verbreedung vun der Tigermustik ze bremsen. Entscheedend ass dobäi virun allem, wat ronderëm d’Haus, am Gaart oder um Balkon steet, erkläert d’Dr. Vergison.

"Il faut veiller à vider les soucoupes en dessous des pots de fleurs, tous les espaces où on peut avoir de l’eau qui stagne. Les moustiques tigres, ils aiment bien tout ce qui est artificiel: les vieux pneus qui traînent, tous les petits endroits où on va trouver un peu d’eau qui reste. Si on peut les vider, il faut les vider, parce que ça va vraiment limiter la possibilité pour le moustique de pondre. S’il n’y a pas d’eau, il ne pondra pas."

Esou Waasserplaze sollen op d’mannst eemol d’Woch eidel gemaach a gebotzt ginn. Behälter mat Reewaasser sollen zougedeckt a Kullange fräigehale ginn. Wien eng verdächteg Mustik gesäit, ka se fotograféieren an iwwer d’App Mosquito Alert mellen.

D’Inspection sanitaire iwwerwaacht d’Presenz vun der Tigermustik vu Mëtt Abrëll bis Mëtt November mat spezielle Falen. Wann et weider Meldungen oder positiv Fale gëtt, gëtt d’Iwwerwaachung an der betraffener Géigend verstäerkt.

Lauschterenplay_arrow