D'Oppositiounspartei LSAP an d'Enseignantsgewerkschaft SEW kritiséieren dogéint, datt d'Problemer am Lëtzebuerger Schoulsystem scho méi laang bekannt wieren an net genuch dogéint gemaach gi wier.
Liewe verlaangt vill Übung
An den dräi Testberäicher Sciencen, Mathé a Liese placéiert de Grand Duché sech iwwerall um Enn vum leschten Drëttel, am Verglach mat den am ganzen 91 Länner, déi matgemaach hunn. Déi méi schwaach Resultater bei de Lieskompetenzen erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch ënner anerem mat engem verännerte Mediekonsum.
Den exzessive Gebrauch vu Smartphones a soziale Medie géif dozou bäidroen, datt Jonker d'Gewunnecht verléieren, méi laang a komplex Texter ze liesen an ze verstoen.
"Liesen ass eppes, wat komplex ass. Liesen ass eppes, wat en enorme kognitiven Effort och mat sech bréngt, wat immens vill geüübt muss ginn, fir datt ee fléissend ka liesen, fir datt een och fléissend komplex Texter ka verstoen an dann och ka reproduzéieren. An an deem Sënn läit et eigentlech op der Hand, datt bei Jonker net méi liesen, datt se dann och déi Kompetenz do verléiere respektiv ganz staark zeréckgeet."
De Claude Meisch wëllt elo mat de Schoulpartner diskutéieren, wéi ee Jonker nees méi zum Liese motivéiere kann. D'LSAP-Deputéiert a Vize-Presidentin vun der Educatioinskommissioun Francine Closener nennt d'Resultater alarmant a fuerdert méi konkret Mesuren, dorënner méi Ressourcen a multidisziplinär Ekippe fir Schoulen, an deene vill Kanner aus sozial benodeelegte Milieue sinn.
LSAP gesäit sozial Ongerechtegkeeten als Haaptgrond
No méi wéi zéng Joer mat engem Réckgang an den dräi Haaptkompetenze géif sech weisen, datt déi vill Reformen am Bildungssystem net déi néideg Resultater bruecht hätten, sou d’LSAP-Deputéiert.
"Déi sozial Ongläichheet, de Gruef ass den Haaptgrond, datt een Drëttel vun eise Schüler mol net de Basisniveau erreecht an ech erwaarde mer eng seriös Strategie géint déi sozial benodeelegt Problemer, déi mer hunn."
Eng Ausdeenung vum Smartphoneverbuet, déi de Minister jo lo an Aussicht gestallt huet, kéint zwar hëllefen, mee géif de Grondproblem net léisen, mengt nach d’Francine Closener.
SEW fäert, datt et nach schlëmmer gëtt
Där Meenung ass och d’Vera Dockendorf vum SEW-OGBL. D’Enseignantsgewerkschaft kritiséiert ënner anerem de "konzeptlosen Asaz vun Tablets als Ersatz fir Bicher an Hefter" an d'Kierzung vu Sproochestonnen duerch eng zousätzlech Stonn Sport am Lycée.
"Datt Schüler méi Sport maachen, do seet keen eppes dogéint, mee ass et lo wierklech mat deem do Resultat dee richtege Moment, fir Sproochen ze kierzen. Deen Abwäertstrend huet keng Brems. Wa mer lo net geschwënn oppassen an net wierklech effektiv géint Steieren, da gëtt dat dote jo nach méi schlëmm."
Wéi eng konkret Konsequenzen aus de PISA-Resultater gezu ginn, soll elo a Gespréicher tëscht Ministère an de Schoulpartner diskutéiert ginn.
APESS schwätzt vu "Schock mat Ukënnegung"
Och d’APESS, d’Associatioun vun de Secondaires Enseignanten, reagéiert. Et wier ee Schock mat Ukënnegung, esou d’APESS. D’Reaktioun vum Educatiounsminister, fir d’Restriktioune fir d'Handyen an de Schoulen ze verstäerken, géif ze kuerz gräifen. Dat wier just eng Bekämpfung vu Symptomer.
An der Klass selwer géifen elo d'iPads d'Bicher ersetzen. Wien d’Bicher duerch Bildschiermer géif ersetzen, wie Mathematik op Software auslagert a wien de Fachexpert zum Lernbegleeder géif degradéieren, deen dierf sech net wonnere wann d’Schüler:innen d’Fäegkeet verléieren, ee laangen Text ze verstoen an abstrakt ze denken, esou d'APESS an hirem Communiqué.