D'Grenziwwergäng solle bis en Donneschdeg nees fir Persounen a Wueren opgoen. Gläichzäiteg wëllt Bagdad seng Geheimdéngschtaktivitéite verstäerken, fir Sécherheetslacunnen ze identifizéieren.
Wien hanner der Attack op déi saudesch Pipeline stécht ass nach ëmmer net gekläert. Pro-iranesch Milizen am Irak hunn dementéiert, dofir responsabel ze sinn.