Israel

Israeelesche Premier Netanjahu wëllt Plainte géint Zeitung 'Haaretz' maachen

Souwuel géint déi israeelesch Zeitung 'Haaretz' wéi och géint de Journalist Shlomi Eldat wëllt de Premier Benjamin Netanjahu elo eng Plainte areechen. Dat, nodeems si een Artikel verëffentlecht hunn doriwwer, datt den Netanjahu virum 7. Oktober gewarnt gouf.

auto_stories

1 min

Headline um Site vun der israeelescher Zeitung Haaretz | © Radio 100,7
Headline um Site vun der israeelescher Zeitung Haaretz (Foto: Radio 100,7)

De Premier hätt d'Warnung virun enger Hamas-Attack net emol un den israeelesche Geheimdéngscht weiderginn, huet d'Zeitung erausfonnt. 

Dem Netanjahu no géifen déi Informatiounen net stëmmen. 

D'Zeitung betount, och no der Annonce vun der Plainte, datt si bei hiren Aussoe bleiwe wäerten. D'Nouvelle hat an Israel an och international fir vill Kritik gesuergt, an dat kuerz virun de Parlamentswalen an Israel.