D’Zeitung schreift, datt de Benjamin Netanjahu ronn zéng Deeg virun der Attack gewarnt gi wier, an dat vum President vun de Vereenegten Arabeschen Emirater héchst perséinlech.
D’Journaliste beruffe sech dobäi op engen Dosen héichrangeg Fonctionairen. An engem streng geheimen Telefonat vun enger dräivéierel Stonn hätt him de President Mohamed bin Zayed erkläert, datt d’Hamas eng Groussoffensiv plangt, déi déi ganz Regioun destabiliséiere kéint, heescht et.
Net mol de Geheimdéngscht wier informéiert ginn
Dem Benjamin Netanjahu seng Reaktioun hätt de Mohammed bin Zayed iwwerrascht, schreiwen d’Journaliste vun Haaretz. Den israeelesche Premier hätt him verséchert, si hätten d'Situatioun an der Gazasträif am Grëff, eng méiglech Hamas-Operatioun géing wann, dann éischter aus dem Westjordanland kommen. Israel wier op all Zenario preparéiert.
D’Warnung vun den Emiraten hätt de Benjamin Netanjahu net emol un de Geheimdéngscht weidergeleet, heescht et an der Recherche.
Dës Revelatioune stinn am klore Widdersproch zu der offizieller Versioun vum Benjamin Netanjahu. Där no wier hien net just am Virfeld net gewarnt ginn, mee och den Dag vun der Attack selwer moies net mat Zäite waakreg gemaach ginn.
Oppositioun wëllt elo Enquêtekommissioun opmaachen
De Büro vum Premier weist d'Virwërf vun der Zeitung zeréck an nennt se eng "total Ligen".
De 27. Oktober gëtt an Israel en neit Parlament gewielt, a scho virun dëser Recherche waren d’Sécherheets-Lacunne vum 7. Oktober 2023 ee vun den zentrale Walkampfsujeten.
"D’Geschichten, vu weegen, du wiers net waakreg gemaach ginn, sinn eriwwer."
Seet de Yair Golan, Spëtzekandidat vun der sozialistescher Partei HaDemokratim an engem Videostatemen.
Als Reaktioun op d’Recherch hunn déi véier grouss Oppositiounsparteien ugekënnegt, eng Enquêtekommissioun anzeféiere fir d’Lacunne vum 7. Oktober opzeschaffen. Mee dofir mussen si zesummen an d’Regierung gewielt ginn.
Den aktuellen Ëmfroen no leien déi véier Oppositiounsparteien zwar vir mat 57 vun 120 Sëtz, mee weder si, nach d’Regierungskoalitioun vum Benjamin Netanjahu hunn eng kloer Majoritéit.