National

Neie Projet soll eeler Leit no Spidolsopenthalt entlaaschten

Eeler, fleegebedürfteg Leit, sollen an Zukunft besser ënnerstëtzt gi wa si aus dem Spidol entlooss ginn. Dat ass d’Zil vum Projet "Out of Hospital", deen den DP-Familljeminister Max Hahn zesumme mat der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez presentéiert huet. 

auto_stories

2 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Dofir sollen eeler Persounen no engem Spidolsopenthalt kënne fir eng Dauer vu bis zu dräi Méint an en Altersheem goe fir iwwert déi nächst Schrëtt nozedenken. 

Ze gutt fir d'Spidol, ze schlecht fir doheem 

Verschidde Persoune wieren an engem ze gudden Zoustand fir weider am Spidol ze bleiwen, mee net gutt genuch fir autonom ze liewen, esou de Familljeminister Max Hahn. Genee fir déi Leit wier dëse Projet geduecht.

“Fir a Rou Decisiounen ze huelen: ‘Wat ass den nächste Schratt fir mech? Ass dat vläicht an den Altersheem ze goen oder ass et doheem alles prett ze maachen, fir dass ech dann doheem baulech mech upasse kann?’ "

Wärend där Zäit kéinten déi concernéiert Leit och mam Personal an den Altersheemer dru schaffen hir verlueren Autonomie nees zeréckzegewannen.

Keng geziilten Entlaaschtung fir d'Spideeler

De Projet wier eng Tëschestuf tëschent dem Spidol an dem Doheem, hu béid Ministeren erkläert. Zil wier et awer net d’Spideeler doduerch ze entlaaschten, seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.

“Et ass réischt, wann d'Persoun wierklech deklaréiert gëtt fir apte ze sinn, fir heem ze goen, datt mir hei usetzen. Mir wëlle keen aus engem Spidol erauskomplementéieren.”

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

75 Euro den Dag

Déi concernéiert Persoune kéinte bis zu maximal dräi Méint an engem Altersheem bleiwen, esou de Max Hahn. D’Käschten déi ufalen, wiere fir eng Persoun op 75 Euro den Dag limitéiert.

“Fir déi Servicer hei ze notzen, wou, nieft dem Zëmmer, och nach d'Botzen, d'Iessen, den Encadrement an natierlech och d'Animatioun alles an deem Package mat dran ass.”

Bis ewell wiere véier Altersheemer bei dem Projet dobäi. Dee soll den éischten Oktober ulafen. Alles an allem 36 Better stéingen dann zu Äischen, Jonglënster, Clierf an Nidderkuer zur Verfügung. Dem Familljeminister Max Hahn no, géife sech an de nächste Méint nach weider Altersheemer um Projet bedeelegen – ënnert anerem an der Stad.