Gesondheet

Jonk Gréng fuerdere wéi an Däitschland eng Zockersteier hei am Land

Lëtzebuerg bräicht eng Zockersteier op staark gezockertem Gedrénks: Dat fuerderen déi Jonk Gréng an engem Communiqué. Eng Zockersteier wier eng Fro vun ëffentlecher Gesondheet a kéint zousätzlech Recettë fir déi defizitär Gesondheetskeess generéieren. 

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Michael Weber
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Michael Weber)

Iwwerdeems hätt déi däitsch Regierung och elo eng Tax op zockerhalteg Gedrénks ugekënnegt, déi se spéitstens 2028 aféiere wéilt. Domat wier Lëtzebuerg dat eenzegt Land an der Noperschaft ouni geplangten Zockersteier.

Frankräich an d'Belsch géifen zockerhaltegt Gedrénks scho besteieren, esou déi Jonk Gréng.