De Grondstee fir eng méi streng Reglementatioun ronderëm d’Nikotinofhängegkeet war zwar schonn an den 80er Jore geluecht ginn, mat éischte Restriktioune ronderëm Tubaks-Publicitéit a Verbueter op vereenzelten ëffentleche Plazen.
Wat genee huet sech geännert?
2006 sinn d’Reegelen awer dunn däitlech méi streng ginn. Reklamme fir Tubakproduite ware vun do u komplett verbueden. Et ass strofbar gi fir Zigaretten u Jonker ënner 16 Joer ze verkafen. An et war net méi erlaabt an ëffentleche Gebaier ze fëmmen, also a Verwaltungen, Gemengen, Kinoen, Muséeën, Schoulen oder zum Beispill och am Wartesall beim Dokter.
D’Fëmmverbuet huet awer och gegollt fir Restauranten an - zu bestëmmten Zäiten - iwwerall do, wou Iessen zerwéiert gouf. E Patron, dee sech net dru gehal huet, huet bis zu 1.000 Euro Strof riskéiert.
De Constat ee Joer nom Akraafttriede vum Anti-Tubak-Gesetz war, datt de Prozentsaz vu Fumeuren an der Populatioun vun 33 Prozent am Joer 2003 op 23 Prozent am Joer 2007 gefall war. Also e substantielle Recul.
Den Horeca-Secteur huet ëm seng Cliente gefaart
Den Taux u Fumeuren huet an de Joren duerno awer zimmlech stagnéiert. D'Fondation Cancer huet eng Verschäerfung vun de Reegele gefuerdert, an déi koum finalement aacht Joer duerno, op den 1. Januar 2014. Natierlech och do net ouni Widderstand.
Mat Ennerschrëftesammlungen huet den Horeca-Secteur probéiert, en totaalt Fëmmverbuet an de Bistroen ze verhënneren. Wéi mir wëssen ouni Succès. Vun 2014 u war et nämlech och an de Caféën, Baren an Discoe verbueden ze fëmmen.
Et gouf och e generaliséiert Verbuet fir an zouenen oder iwwerdaachten Aarbechtsraim, beispillsweis Büroen oder Reuniounssäll, ze fëmmen. A spéitstens do hunn d’Gewunnechte vun de Leit massiv geännert.
Fëmmen am Restaurant oder éieren um Büro ass haut quasi ondenkbar.
Den Impakt fir den Horeca-Secteur war an de Joren duerno schonn ze spieren. Tëschent 2017 an dem leschte Joer hunn iwwer 200 Bistroen hir Dieren zougemaach. Och wann do d'Konsequenze vun der Covidpandemie oder dem Erofsetze vun der Promillgrenz beim Autofueren matgespillt hunn.
Wat waren déi direkt Auswierkungen op d'Leit?
2006 sinn all Joer tëschent 500 a 600 Mënschen un de Suite vun Tubakskonsum gestuerwen. Haut sinn dat all Joer 1.000 Persounen. Kléngt fir d’éischt mol negativ, dee Chiffer muss een natierlech awer relativiséieren. Zënterhier wunnen och iwwer 200.000 Persoune méi hei am Land. De Mortalitéitstaux ass also a Wierklechkeet erofgaangen.
Natierlech huet och d’Medezin an de leschten zwee Joerzéngte grouss Fortschrëtter gemaach a vill Kränkten, déi duerch den Tubakskonsum ausgeléist ginn, kënnen erfollegräich behandelt ginn. Dem leschte Rapport vun der Ilres no, dee Fondation Cancer weiderhin all Joer an Optrag gëtt, hunn d’lescht Joer 16 Prozent vun der Populatioun all Dag gefëmmt – ouni d’Gelegenheitsraucher.
2003 waren dat nach 28 Prozent, also vill méi. D’Unzuel u Fëmmerte bei de 16 bis 24-Järege klëmmt allerdéngs zënter enger Partie Joren a louch zejoert 2 Prozentpunkten iwwer der Moyenne fir déi ganz Bevëlkerung.
Huet d'Anti-Tubaks-Gesetz dozou gefouert, datt manner Leit gefëmmt hunn?
Do derbäi kënnt, datt et haut jo ganz vill aner Méiglechkeete ginn, fir Tubak an Nikotin ze consomméieren: Vapen, Nikotin-Pouches, Shisha asw. D’Versuchung ass also ëmsou méi grouss. Ufank dës Joers ass dofir e weidert Gesetz am Kampf géint d’Fëmmen a Kraaft getrueden, dat och dës Produite reglementéiert, de Konsum beispillsweis a Schoulen oder op Spillplazen an d’Vente u Mineure verbitt.
Datt et an nächster Zukunft zu engem komplette Verbuet vun Zigaretten hei am Land kënnt, ass onwarscheinlech - an ass och net onbedéngt am Interessi vun der Regierung. Do stieche wirtschaftlech Interessen derhannert.
De Präis fir Zigaretten an Tubak gouf zwar an de leschte Joren däitlech an d’Luucht gesat. Op den Akzise vum Verkaf, haaptsächlech un auslännesch Clienten, verdéngt de Staat awer all Joer ronn annerhallef Milliard Euro. En Enn vum Tubakstourismus géif also en déckt Lach an déi staatlech Keese rappen.
Nach d'lescht Woch huet de Premier Luc Frieden dem Conseilspresident António Costa bei senger Visitt eng Ofso gi fir eng Mindeststeier op Tubaksproduiten.