De Marc Baum ass zefridde mat de leschten dräi Joer vu senger Partei an der Chamber. Grad wann ee géif gesinn, datt just hien an den David Wagner déi Lénk am Parlament géife vertrieden, hätt een awer vill erreecht.
“Mir hunn et aus der Oppositioun fäerdeg bruecht, eng Verfassung ze änneren. Ech mengen dat ass och eppes, wat net esou gängeg ass oder net awer alldeeglech ass.”
Domat spillt den Deputéierte vun déi Lénk op d’Fräiheet fir ofzedreiwen un, déi an der Constitutioun verankert gouf. Dat och duerch Ënnerstëtzung vun éischter lénksgeriichte Parteie wéi der LSAP oder déi gréng. Och wann een e puer gemeinsam Punkten hätt, misst een awer eppes bedenken.
“Mir sinn nach ëmmer dräi verschidde Parteien, mat dräi ënnerschiddleche Programmer, wou et duerchaus Iwwerschneidunge gëtt, mee jiddwereen huet awer seng eegen Identitéit, jiddwereen huet awer seng eege Geschicht.”
Zesummenaarbecht mat deene Parteie géif awer scho stattfannen, esou nach de Marc Baum. Beispill dofir wier déi gemeinsam Pressekonferenz zur Unerkennung vu Palästina.
"D’Regierung konnt just aus der Sakgaass kommen, andeems se de Portmonni opgemaach hunn!"
D’Tripartite kéint ee schonn als Erfolleg fir d’Gewerkschafte gesinn, fënnt de Marc Baum. Trotzdeem gesäit hien dat, wat beim Mindestloun erauskoum, net wierklech als Léisung.
“Ech mengen, datt et awer net d'Léisung ass, datt an Zukunft d'Mindestléin iwwer Steiere bezuelt ginn an net méi iwwer de Loun selwer. Dat ass op jidde Fall eppes, wat net laangfristeg halbar ass.”
D’Positioun vun der Regierung bei der Tripartite gesäit de lénken Deputéierten iwwerdeems och net ganz glécklech.
“D'Regierung huet sech selwer an eng Sakgaass manövréiert a se wosst op eemol dann awer, datt déi eenzeg Méiglechkeet, déi se huet, fir aus der Sakgaass erauszekommen, ass de Portmonni opzemaachen. An dat heescht, d'Regierung huet deenen zwee Sozialpartner ugebueden eng Tournée générale ze maachen. D'Salariéë kréien eppes, d'Patrone kréien eppes an do hu se zumindest fäerdegbruecht Wogen ze glätten.”
Zumindest de Sozialdialog géif elo besser funktionéiere wéi virdrun, constatéiert de Marc Baum. Dat wier awer och net wierklech schwéier gewiescht.
Regierung géif beim "Booster fir de Wunnengsbau" un deene falsche Schrauwen dréien
De “Booster fir de Wunnengsbau”, wéi d’CSV-DP-Regierung hire Projet genannt huet, fir d’Situatioun am Logement ze verbesseren, géif alt nees just dofir suergen, datt Investisseuren hir Margë kéinte vergréisseren, fënnt de Marc Baum.
"D'Promoteure kommen da bei d'Regierung kräischen a soen, oh, mir bauen net méi genuch, well eis Margë sinn net héich genuch. Also ginn erëm steierlech Mesurë geholl, fir deene Privaten hir Margë méi grouss ze maachen. A mir sinn am Moment an enger Situatioun, wou mir no 30 Joer gesinn, wou dat hiféiert. An de Staat huet net genuch Responsabilitéit iwwerholl."
D’ëffentlech Hand misst dee Probleem endlech an de Grapp huelen an de Staat misst massiv sozial Wunnenge bauen, esou nach de lénken Deputéierten.
Staatsfinanzen: Sue géifen nëmmen esou ewechfléien
Et wier remarkabel, datt eng CSV, déi soss nach Walkampf mat engem “séchere Wee” gemaach hätt, elo quasi d’Suen zur Fënster géif erausgeheien. Dem Marc Baum no wier eng Staatsverscholdung och guer net esou schlëmm, wann déi Suen an de Logement, Schoulen oder Änleches géif fléissen. Dat wier bei där heite Regierung awer net de Fall, bemängelt de Marc Baum.
"Hei ginn d'Scholde gemaach fir effektiv lafend Käschten ze finanzéieren a virun allem fir Steierkaddoen ze maachen. An dat ass irresponsabel vun enger CSV. (...) Ufanks 2000 hate mir eng Staatsschold vu 6 %. Elo soe mir 30 % ass net méi d'Marge."
Dat géif och weisen, datt d’Regierung net wierklech eng Perspektiv hätt, wou d’Land a 5 oder 10 Joer sollt sinn.
De Marc Baum wäert d’Chamber iwwerdeems no der Summerpaus verloossen. Bei deene Lénke gräift dann nämlech de bekannte Rotatiounsprinzip. De Gary Diderich an d’Ana Correia wäerte vun do u fir déi Lénk an der Chamber sëtzen.